Comité de sûreté générale

Vu Wikipedia
Portrait vum Maximilien de Robespierre.

De Comité de sûreté générale, fréiere Comité de surveillance vun der Legislative deen de 25. November 1791 gegrënnt gi war, huet den Numm Comité de sûreté générale nom 10. August 1792 ugeholl. De Comité huet provisoresch seng Funktiounen ënner der Convention weiderverfollegt, an duerno, no enger Reorganisatioun, definitiv mat engem Dekreet vum 2. Oktober 1792.

D'Memberen hu sech am Hôtel de Brionne, deen et haut net méi gëtt, versammelt, an deen duerch e Gank mam Pavillon de Marsan verbonne war. De Comité hat 12 Memberen, déi all Mount vun der Convention nationale gewielt goufen, an och e puermol konnte gewielt ginn. De Comité huet d'Police an d'revolutionär Justiz dirigéiert.

De gréissten Deel vun de Membere ware Montagnards, déi d'Moossname vun der Police géint déi Verdächteg duerchgesat hunn. No der Eliminatioun vun de Girondins den 2. Juni 1793 gouf de Comité e richtege "Ministère" vun der Terreur. De Comité huet d'Verdächteg gesicht, a si virun d'Revolutiounsgeriicht gestallt. D'Memberen hunn och Uerdere fir Leit festzehuelen ausgestallt, déi vun der Paräisser Police ënner der Commune duerchgesat goufen.

Am Fréijoer vum Joer II koum et zu engem Konflikt mat de Membere vum Comité de salut public. Am Messidor huet de Vadier den Dossier vun der Catherine Théot virgedroen, mam Mystizismus vum Maximilien de Robespierre. No der Grande terreur huet den zweeten Dossier fir de Robespierre lächerlech ze maache säin Zil den 9. Thermidor 1794 erreecht.

De Comité de sûreté générale gouf am Oktober 1795 ënner dem Directoire opgeléist.

Memberen[änneren | Quelltext änneren]

D'Nimm an d'Zuel vun de Membere vum Comité hunn dacks gewiesselt. Bei der Organisatioun den 2. Oktober 1792 goufen 30 Membere gezielt, de Minimum waren der nëmmen 9 am September 1793. Vum Germinal bis den Thermidor Joer II gouf et 12 Memberen, dat waren:

Portrait vum Jacques-Louis David.

Aner Memberen:

Portal Franséisch Revolutioun – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'Revolutioun vu 1789.