Flucht op Varennes

Vu Wikipedia

D'Flucht op Varennes war e Fluchtversuch vum franséische Kinnek Louis XVI. a senger Famill an der Nuecht vum 20. op den 21. Juni 1791.

Ursprénglech war d'Flucht bis op Metz geplangt, mä gouf awer an der klenger Uertschaft Varennes opgehalen, well de Jong vun engem Bréifdréier de Louis XVI. erkannt hat. D'kinneklech Famill gouf doropshi vun der Garde nationale nees op Paräis zeréckbruecht, an de Kinnek gouf kuerzfristeg vu senge Charge suspendéiert. Well zu dësem Zäitpunkt keen eng Alternativ zu der geplangter Aféierung vun enger konstitutioneller Monarchie an der Constitutioun vu 1791 gesinn huet, hu sech d'Deputéiert vun der Assemblée nationale drop gëeenegt, datt de Kinnek "entfouert" gi war, an hunn him säin Amt gelooss.

Pierre Gabriel Berthault, Arrestation de Louis Capet, no enger Zeechnung vum Jean-Louis Prieur, Paräis 1804 (Ausschnëtt).

Duerch de Fluchtversuch war allerdéngs d'Vertraue vun den Deputéierten an de Kinnek déif gestéiert ginn an d'Evenement huet den extreeme Gruppéierungen an der Assemblée nationale neie Wand ginn. D'Membere vum Club des Cordeliers hunn nach den Dag selwer vun der Flucht erkläert: "Endlich si mir fräi an ouni Kinnek.". Eng vun hinnen organiséiert Demonstratioun e Mount méi spéit ass mam sougenannte Massaker um Champ-de-Mars op en Enn gaangen.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Virgeschicht an Ursaachen[änneren | Quelltext änneren]

De Louis XVI. vu Frankräich.

Laang Zäit war de Louis XVI. géint eng Flucht, déi him besonnesch vu senger Fra nogeluecht gi war. D'Kinnigin wollt d'Erniddregungen, déi si an hir Famill zanter der gezwongener Iwwersidlung an d'Tuileries[1] ze spiere kruten, net méi erdroen, an huet gehofft aus der Sécherheet a Fräiheet vum Exil an den Éisträicheschen Nidderlanden géint d'Revolutioun virzegoen. De Louis XVI. huet den Habsburger allerdéngs net wierklech getraut. Hie war nach ëmmer iwwerzeegt, datt säi Papp duerch Intrige vum éisträichesche Keeserhaus gestuerwe war. Ausserdeem huet hie missen unhuelen, datt no senger Flucht en Usurpateur, méiglecherweis de populären Herzog vun Orléans oder säi Brudder, de Grof vun der Provence, géif versichen, d'Muecht u sech ze rappen. Säi Brudder war no der Hiriichtung vum Favras zwar selwer geflücht, mä dat huet dem Kinnek keng Sécherheet ginn. Den 2. Abrëll war de Mirabeau, inoffizielle Beroder vum Kinnek, gestuerwen. Wann een de Rumeure vun der Geschicht gleewe kann, sou ware seng lescht Wieder déi hien op en Ziedel geschriwwen huet: “Fuyez! Fuyez! Fuyez!”. De Louis XVI. huet seng Meenung eréischt geännert, wéi d'Assemblée nationale an d'Paräisser Bevëlkerung, aus Angscht de Kinnek kéint sech duerch d'Bascht maachen, den 18. Abrëll den Ouschterausflug vun der kinneklecher Famill op Saint-Cloud verhënnert hunn. D'Kinnekskoppel huet elo tatsächlech hir Flucht geplangt, an zwar an dat royalistescht Gebitt ëm Montmédy no bei der Grenz, vu wou aus bei Gefor en éisträichescht Exil op Lëtzebuerg net wäit gewiescht wier.

De Plang vun der Flucht[änneren | Quelltext änneren]

Et gouf geplangt, datt sech d'kinneklech Famill bei enger Flucht net trenne géif, wéi et ouni Zweiwel méi sécher gewiescht wier, mä zesummen an enger Kutsch an eng Stad no bei der Grenz (wéi Montmédy) fuere géif, an nëmmen an engem groussen Noutfall iwwer d'Grenz an d'Éisträichesch Néierlänner géif eriwwergoen. D'Gouvernante vun de Kanner, déi spéider Herzogin vun Tourzel, déi an hire Memoiren och Eenzelheeten zu der Flucht erzielt huet, sollt ënner dem Numm vun der Barounin Korff d'Häerin vun der Reesgesellschaft spillen. D'Kinnigin Marie-Antoinette sollt eng Kummerfra, de Kinnek de Kummerdinger spillen. D'Madame Élisabeth, d'Schwëster vum Kinnek, huet sech als Kannerfra vum klengen Dauphin Louis XVII. an der Madame Royale ausginn. Ausserdeem sinn dräi Gardiste matgereest, déi och d'Postpäerd bestelle sollten, an de Favorit vun der Marie-Antoinette, de Grof Fersen, deen e groussen Deel vun der Flucht organiséiert hat, a selwer d'Kuscht guidéiert huet. Déi echt Barounin Korff war zur Sécherheet déi selwecht Streck mat de selwechte Begleeder gefuer. Keen hat si no hirem Pass gefrot. De Marquis de Bouillé sollt d'Flüchtlingen hanner Châlons mat Zaldoten erwaarden, a sécher bis op Montmédy bréngen.

D'Flucht[änneren | Quelltext änneren]

Kleng Tëschefäll haten d'Flucht, déi ursprénglech vum 12. op de 15. Juni geréckelt gi war, bis zum 20. Juni verhënnert. Fir datt keen eppes géif mierken, waren d'Kinnigin an hir Kanner owes nach am Gaart spadséieren, d'Marie-Antoinette hat Uweisunge fir e klengen Ausfluch den Dag drop ginn, an huet sech zeréckgezunn. Heino huet d'kinneklech Famill hir Kleeder gewiesselt, a sinn an eenzele klenge Gruppen duerch de Personalagank erausgaangen, wou eng Kutsch op si gewaart huet. Fir d'éischt koum d'Mme vun Tourzel mat de Kanner, duerno d'Madame Élisabeth mat engem Gardist. Kuerzfristeg waren de Generol La Fayette an de Buergermeeschter Bailly zu enger Owesdaudienz bei de Kinnek komm. Sou huet sech d'Flucht ëm zwou Stonne verzögert, bis de Louis XVI. endlech komm ass, a kuerz drop och d'Marie-Antoinette.

Jean Duplessi-Bertaux, Retour de Varennes. Arrivée de Louis Seize à Paris, le 25 juin 1791

Mä och weiderhi goung net alles sou wéi et geplangt war. Baussent der Stad war d'Famill a méi eng grouss Kutsch ëmgestigen, an d'Päerd sinn tëscht Nintré a Châlons zweemol gefall. Et huet iwwer eng Stonn gedauert, fir de Schued ze behiewen. D'Verspéidung vun de Flüchtlinge war fir d'Zaldote vum Bouillé keng gutt Saach. D'Bevëlkerung hat d'Zaldote bemierkt, an de Bouillé huet si misse vun der Strooss zeréckzéien, fir datt net an Dierfer ronderëm den Alarm géif geschloe ginn.

An der Tëschenzäit, dat war de Flüchtlinge bewosst, war zu Paräis bekannt, datt si fort waren. D'Mme de Tourzel erzielt, wéi de Kinnek schonn um fréie Moien op seng Auer gekuckt huet, a gesot huet:

"De La Fayette fillt sech elo guer net wuel a senger Haut. [...] Et war net einfach, sech an d'Besuergnis vom Generol eranzeversetzen, an eppes anescht ze fille wéi Freed, net méi vun him ofhängeg ze sinn."[2]

Den Dag drop géint 8 Auer owes koum d'Kutsch ouni weider Problemer zu Sainte-Menehould un. Hei war de Kinnek net virsichteg genuch, wat schwéier Folge mat sech bruecht huet. Wärend enger Diskussioun vun engem vu senge Gardiste virum Posthaus huet hien aus der Fënster vun der Kutsch gekuckt. De Jong vum Postmeeschter Drouet huet de Louis XVI. duerch säi Profil op engem Louis d'or erkannt, wouropshin dësen op Varennes geridden ass, fir Alarm ze schloen. Den Drouet koum zu der selwechter Zäit an der klenger Uertschaft un, wéi d'Kutsch, an huet dofir gesuergt, datt dës ugehale gouf. Den 22. Juni hunn d'Flüchtlingen hir Réckrees op Paräis missen untrieden. Vill Leit sinn dem Won gefollegt, an hunn de Kinnek an d'Kinnigin beleidegt, a sinn och handgräiflech vis-à-vis vun de Gardiste ginn. Ënnerwee ass d'Gesellschaft den Häre Barnave a Jerôme Pétion, begéint, déi d'Flüchtlinge bis an d'Haaptstad begleet hunn, wou si den 23. Juni nees ukomm sinn.

Konsequenzen[änneren | Quelltext änneren]

D'Assemblée nationale huet sech drop gëeenegt, datt de Kinnek net geflücht war, mä entfouert gouf. Dat gouf doduerch erliichtert, well de Bouillé, dee selwer aus Frankräich geflücht war, d'komplett Responsabilitéit iwwerholl huet. Dem Louis XVI. ass näischt anescht iwwreg bliwwen, wéi en Eed op d'Constitutioun vu 1791 ze schwieren. Zu Paräis goufen d'Stëmmen ëmmer méi haart, déi de Kinnek ofsetze wollten. D'Ënnerschreiwe vun enger Petitioun zu dësem Theema huet e Mount méi spéit zum Massaker um Champ-de-Mars gefouert.

Verfilmung[änneren | Quelltext änneren]

Am Joer 1982 gouf d'Flucht vun der kinneklecher Famill am Kader vun enger franséisch-italieenescher Koproduktioun ënner dem Titel La Nuit de Varennes ënner der Regie vum Ettore Scola verfilmt.

Literatur zum Theema[änneren | Quelltext änneren]

  • Étienne-Auguste Ancelot, La vérité sur la fuite et l'arrestation de Louis XVI à Varennes, C. Lacour, Nîmes, 2005. (ISBN 2-7504-1022-3)
  • Jean-Eugène Bimbenet, Fuite de Louis XVI à Varennes, Didier, Paräis, 1868.
  • André Castelot, Varennes, le roi trahi..., A. Bonne, Paräis, 1951.
  • André Castelot, La Tragédie de Varennes..., Fayard, Paräis, 1954.
  • Yves Daubé, Varennes ou La grande évasion, Hérault, Maulévrier, 1992. (ISBN 2-7407-0036-5)
  • Alexandre Dumas, La Route de Varennes, Calmann-Lévy, Paräis, 1889.
  • André Foucault, La Fuite du roi (Varennes, 1791), Flammarion, Paräis, 1932.
  • Charles Marie Gabriel, Louis XVI, le marquis de Bouillé et Varennes, A. Ghio, Paräis, 1874.
  • Mona Ozouf, 21 juin 1791. Varennes. La mort de la royauté., Gallimard, Paräis, 2005.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Portal Franséisch Revolutioun – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'Revolutioun vu 1789.

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. 5./6. Oktober 1789
  2. Jean Chalon (Ersg.), Mémoires de Madame la Duchesse de Tourzel: Gouvernante des enfants de France de 1789 à 1795.