Varennes-en-Argonne

Vu Wikipedia
Varennes-en-Argonne
Land Frankräich
Regioun Grand Est
Departement Meuse
Arrondissement Verdun
Kanton Clermont-en-Argonne
Postcode 55270
Gemengecode 55527
Koordinaten 49° 13’ 37’’ N
      05° 02’ 06’’ O
Fläch  1 181 ha
Bevëlkerung  691 (1999)

Varennes-en-Argonne ass eng franséisch Gemeng am Departement Meuse an der Regioun Grand Est.

Varennes ass de Chef-lieu vum Kanton Varennes-en-Argonne. D'Uertschaft läit ëstlech vum grousse Bësch vun der Argonne op der Grenz vun den Ardennen an der Marne. Duerch d'Gemeng leeft d'Aire déi hir Quell zu Saint-Aubin-sur-Aire huet, an tëscht Senuc a Mouron um Territoire vun der Gemeng Termes an d'Aisne leeft.

Nopeschgemenge sinn: Montblainville, Charpentry, Cheppy, Boureuilles, a Vienne-le-Château.

Wéi vill Gemengen aus där Géigend ass se mat enger däitscher Gemeng jumeléiert, an zwar zanter 1968 mat Petershausen am Landkrees Dachau.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Varennes gouf haaptsächlech bekannt wéi den 21. Juni 1791, an der Zäit vun der Revolutioun de Louis XVI. sech mat senger Famill an d'Festung vu Montmédy wollt aus dem Stëbs maachen, an zu Varennes festgeholl gouf.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Flucht op Varennes.

Persounen déi mat der Gemeng ze dinn hunn[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[Quelltext änneren]