Ginette Rossini

Vu Wikipedia
Ginette Rossini
Gebuer 26. Oktober 1939
Esch-Uelzecht
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Fechter

D'Ginette Rossini, gebuer de 26. Oktober 1939 zu Esch-Uelzecht, ass eng fréier lëtzebuergesch Fechterin an Olympionickin.[1]

Si huet Lëtzebuerg op den Olympesche Summerspiller 1960 zu Roum an 1964 zu Tokyo vertrueden.[2] Vun 1952 bis 1966 war si bei der Spora lizenséiert.

Erfolleger bei den Olympiaden[änneren | Quelltext änneren]

Bei der Olympiad zu Roum huet se zweemol an der éischter Ronn vum Florett-Turnéier gewonnen, zu Tokyo véiermol an der éischter Ronn an zweemol an der zweeter Ronn vum Florett-Turnéier.

Weider Partizipatiounen an Erfolleger[änneren | Quelltext änneren]

  • 1957 Weltmeeschterschaft zu Paräis
  • 1958 Studente-WM zu Paräis
  • 1958 Juniore-WM zu Budapest
  • 1959 Juniore-WM zu Bukarest
  • Si hat sechsmol de Landesmeeschtertitel am Florett.
  • Gewënner bei internationalen Turnéier zu Munneref (dräimol), Como, Madrid, Wien, Bréissel, Gand, Nanzeg
  • Bei de Wale vum Lëtzebuergesche Sportler vum Joer koum si 1963 hanner dem Norbert Haupert op déi zweet Plaz.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Jean-Paul Kolbusch am Luxemburger Wort vum 20. August 2014, S. 31: Ginette Mackel-Rossini - Eine belebende Figur in der Fechtszene

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. D'Ginette Rossini op der Websäit vu sports-reference.com
  2. D'Ginette Rossini op der Websäit vun der 'Association Luxembourgeoise des Olympiens'