Op den Inhalt sprangen

Dante Donzelli

Vu Wikipedia
Dante Donzelli
Gebuer 26. Oktober 1909
Cattolica
Gestuerwen 27. September 1999
Saint-Mihiel
Nationalitéit Italien, Frankräich
Aktivitéit Sculpteur, Moler
Auteursrechter Wierker sinn duerch Auteursrechter geschützt
Famill
Papp Duilio Donzelli

Den Dante Donzelli, gebuer de 26. Oktober 1909 zu Cattolica op der Adriaküst an Italien[1], a gestuerwen zu Saint-Mihiel de 27. September 1999[2], war e Sculpteur a Moler vun italieenescher Ofstamung, deen haaptsächlech a Loutrengen gelieft a geschafft huet.

Den Dante Donzelli ass zu Esch-Uelzecht opgewuess, wouhi seng Famill 1912 aus Italien emigréiert war. Am Alter vun 11 Joer huet de klengen Dante scho sengem Papp Duilio Donzelli gehollef, u Skulpturen ze schaffen. 1924 gouf säi Papp wéinst sengem politeschen Aktivitéiten aus dem Land verwisen, an den Dante ass mat senger Famill op Lacroix-sur-Meuse a Frankräich geplënnert, spéider op Saint-Mihiel. Do huet hie sech de 17. Oktober 1936 bestuet.[1] 1940 ass hien zesumme mat sengem Papp an déi franséisch fräi Zon op Saint-Marcel-lès-Valence wunne gaangen, wou se bis 1945 bliwwe sinn a vill Wierker geschaf hunn.[3]

Nom Zweete Weltkrich koum hien zeréck op Saint-Mihiel, wou hie bis an en héijen Alter Conservateur vun der Benediktinerbibliothéik war.

Zu Saint-Mihiel huet hie säin Atelier fir Skulptur a Molerei bis an d'1990er Jore bedriwwen an huet do 1963 eng Konschtmolereischoul gegrënnt, déi vun der Stad iwwerholl gouf.[3],[4]

Hie war de Grousspapp vun der franséischer Actrice a Regisseurin Valérie Donzelli[5].

Zu Esch-Uelzecht sinn en ettlech Skulpture vu sengem Papp Duilio Donzelli a vun him ze gesinn.

  • Skulpturen um Sichelgebai zu Esch. (Vu sengem Papp ugefaangen, a vun him fäerdeggemaach)
  • Zu Esch op N°8 an der rue Xavier Brasseur 2 Mascarone wouvun een dovun dem Dante seng Mamm duerstellt.
  • Monumental Fresk iwwer dem Muttergottesaltor an der Kierch Notre-Dame de l'Assomption zu Void-Vacon (1936)[6]
  • Portrait à 40 ans. Molerei op engem Panéil vum 30.12.1948.
  • Portrait de mon père à Valence. Molerei op engem Panéil vun 1948 (26 × 34 cm).
  • Statu vun der Jeanne Gérard an der Kapell Saint Remi zu Cumières, vun 1960,[7]
  • Restauratioun vun der Statu Vierge à l'Enfant, Musée vu Saint-Mihiel.
  • Statu vun der Sainte Fine zu Fleury-devant-Douaumont an der Nikloskapell
  • Miwwelen an der Parkierch Assomption-de-la-Vierge zu Champneuville
  • Molerei vun de Miwwelen an der Parkierch Saint-Sébastien zu Belleville-sur-Meuse
  • Statu Saint Airy enfant an der Parkierch Saint Airy zu Harville, (1964)
  • Monument fir den Alain-Fournier zu Saint-Remy-la-Calonne, (1964)
 Commons: Dante Donzelli – Biller, Videoen oder Audiodateien
  • Privatarchiv mat e puer Biller déi den Donzelli a senger Zäit zu Saint-Marcel-lès-Valence gemoolt huet.

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. 1,0 1,1 Cf. Michel 2009 an der Literatur.
  2. Fichier de décès um INSEE
  3. 3,0 3,1 Cf. http://fr.wikipedia.org/wiki/Lacroix-sur-Meuse#Duilio_Donzelli
  4. École d'Art de Saint Mihiel
  5. estrepublicain.fr 28. August 2011
  6. fondation-patrimoine.org archivéiert
  7. "Le 26 juin 1960, Monseigneur Petit, évêque de Verdun, inaugure à Cumières une statue de Jeanne Gérard réalisée par le sculpteur sammiellois Dante Donzelli." meuse.fr