Diskussioun:Dante Donzelli

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Statu vun der Sainte Fine zu Fleury-devant-Douaumont an der Nikloskierch

Moien, Souwäit wéi ech weess steet do eng Kapell déi Chapelle Notre-Dame de l'Europe heescht. Et ass mer och keng zweet Kierch do bekannt. Vläicht weess een do méi? --Les Meloures (Diskussioun) 07:29, 4. Jun. 2014 (UTC)[äntweren]

Moien, jo well zu Fleury-devant-Douaumont dierft jo net méi all ze vill ze kierche sinn... Eventuel eng Verwiesselung mat enger anerer Nikloskierch wou hie geschafft huet - ech mengen ech wier op sou eppes gestouss. Fannen et vläit nees. --Jwh (Diskussioun) 08:08, 4. Jun. 2014 (UTC)[äntweren]
Dat wier flott :-) --Les Meloures (Diskussioun) 08:20, 4. Jun. 2014 (UTC)[äntweren]
Voilà, dëst schéngt mir déi feelerhaft Source ze sinn, an an dëser Kleeschenskierch huet hie gemoolt. Op dëser Konferenz gi mir sécher méi gewuer - Avis aux amateurs... --Jwh (Diskussioun) 08:41, 4. Jun. 2014 (UTC)[äntweren]
Remoien a merci fir d'Info. Déi Kierch wou d'Statu drasteet zu Fleury ass effektiv eng Nikloskapell déi neierdéngs dacks Chapelle Notre-Dame de l'Europe vernannt gëtt. --Les Meloures (Diskussioun) 19:05, 4. Jun. 2014 (UTC)[äntweren]
Dat liicht an. 1934 wéi se opgeriicht gouf ass den europäesche Gedanken (mat oder ouni Notre-Dame) jo éischter bei den Nazie gesponne ginn. Deen Numm passt da bei de spéidere Kohl-Mitterand Optrëtt do - de Kleesche steet alt nees eng Kéier do mam Fanger am Mond... --Jwh (Diskussioun) 21:36, 4. Jun. 2014 (UTC)[äntweren]