Uhuru Kenyatta
Op d'Navigatioun wiesselen
Op d'Siche wiesselen
Uhuru Kenyatta | |
---|---|
![]() | |
Gebuer |
26. Oktober 1961 Nairobi |
Nationalitéit | Kenia |
Educatioun | Amherst College |
Aktivitéit | Politiker |
Famill | |
Papp | Jomo Kenyatta |
Den Uhuru Kenyatta, gebuer de 26. Oktober 1961 zu Nairobi, ass e kenianesche Politiker. Hien ass zanter Mäerz 2013 Staatspresident vu sengem Land.
Hien ass de Jong vum Jomo Kenyatta, dem éischte President vum Kenia a Chef vun der Partei Kenianesch Afrikanesch National Unioun.
An den 2000er Jore war hien e puermol Minister.
Am Mäerz 2013 gouf hien zum President vu sengem Land gewielt, an am August 2017 erëmgewielt. Dës Wal gouf den 1. September vum Ieweschte Geriicht annuléiert, dat bannent 60 Deeg Neiwale gefuerdert huet.