Daniel arap Moi

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Daniel arap Moi
Daniel arap Moi 1979b.jpg
Gebuer 2. September 1924
Gestuerwen 4. Februar 2020
Nairobi
Nationalitéit Kenia
Aktivitéit Politiker
Wikidata-logo-without-paddings.svg

Den Daniel Toroitich arap Moi, gebuer den 2. September 1924 zu Kurieng’wo bei Sacho, am Baringo-Distrikt, a gestuerwen de 4. Februar 2020 zu Nairobi[1], war vun 1978 bis 2002 zweete President vu Kenia.

Hie gouf 1962 Erzéiungsminister a méi spéit am Joer, bis 1964, Minister fir Gemengeverwaltung. 1964 gouf en Inneminister an 1967 Vizepresident, béides bis 1978. Wéi de Papp vun der Onofhängegnkeet, Jomo Kenyatta, den 22. August 1978 gestuerwen ass, gouf de Moi säin Nofollger. 1988, 1992 an 1997 gouf hien als President erëmgewielt. 2002 huet hien net méi dierfe kandidéieren.

Duerch WikiLeaks gouf bekannt, datt de Moi a seng Famill Milliarden u Korruptiounsgelder agestrach hunn.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Daniel arap Moi – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. "Kenias Ex-Präsident Daniel arap Moi ist tot." op dw.com, 2020-02-04.