WikiLeaks

Vu Wikipedia
De Logo vu WikiLeaks

WikiLeaks ass eng international Medien-Organisatioun ouni Gewënnzweck, déi Dokumenter publizéiert, déi se vun anonymme Quellen oder "Fuiten" (en:"leaks") kritt huet, an déi soss net zougänglech wieren. De Website mam selwechten Numm (wikileaks.org) gouf 2006 lancéiert, a soll no eegenen Aussoe méi wéi 1,2 Millioun Dokumenter enthalen.[1]

Hiren eegenen Aussoen no léich de primären Interessi vu WikiLeaks doran, Ënnerdrécker-Regimmer an Asien, der fréierer Sowjetunioun, Afrika südlech vun der Sahara an am Noen Osten blousszestellen. Et wéilt och allgemeng eng Hëllef si fir Leit, déi anonym wéilte Mëssstänn an hire Regierungen oder Entreprisen ukloen.

Sou sinn ë. a. Interna vun der Scientology, der rietsextremer British National Party, Banken, asw. ëffentlech gemaach ginn.

2010 gouf dës Plattform weltwäit bekannt, duerch Publikatiounen, déi direkt d'Vereenegt Staaten an hir Aussepolitik betraff hunn: Ënner dem Numm Collateral murder gouf am Abrëll 2010 e Video ëffentlech gemaach, wou ee gesäit, wéi 2007 bei engem Ugrëff (an aus der Perspektiv) vun engem amerikaneschen Helikopter irakesch Zivilisten erschoss goufen; am Juli 2010 war et en Dossier mam Numm Afghan War Diary, mat iwwer 76.900 Dokumenter iwwer den Afghanistankrich; am Oktober 2010 war den Tour un engem Pak vu ronn 400.000 Dokumenter, Iraq War Logs genannt, an ee Mount drop sinn eng Véierelsmillioun Rapporten, déi vun US-Ambassaden uechtert d'Welt geschriwwe goufen, online gesat ginn. Bei deenen dräi leschtgenannten Dossieren gouf d'Publikatioun zum Deel mat renomméierte Printmedien, wéi Der Spiegel, Le Monde, El País , New York Times oder The Guardian gemaach.

WikiLeaks war ufanks als Site konzipéiert, wou nom Wiki-Prinzip, jiddweree kéint Texter eroplueden an editéieren. En huet sech awer progressiv an e méi 'traditionellt' Medium verwandelt, dee weeder Uploads nach Edite vu User méi zouléisst. En huet, trotz dem Glach am Numm (a vum Lay-out, wat un der Software läit), näischt mat Wikipedia (oder der Wikimedia Foundation, där A.s.b.l. déi s'erméiglecht) ze dinn.

WikiLeaks huet eng Rëtsch Präisser an Éierunge kritt, dorënner 2008 den New Media Award vum Economist Magazine an 2009 e Präis vun Amnesty International fir d'Ëffentlechmaache vun Dokumenter iwwer d'Verfollgung an d'Ermuerdung vu Regimmgéigner am Kenya.

Spär vum offizielle Wikileaks-Domain[änneren | Quelltext änneren]

Nodeem Ufank Dezember 2010 den Amazon-Konzern WikiLeaks vu senge Servere verbannt huet, gouf den 3. Dezember 2010 den offiziellen Domain www.wikileaks.org vun den US-amerikaneschen Autoritéite gespaart. Weltwäit goufen Ersazdomainnimm geschalt fir de Projet weiderhin accessibel ze halen. Sou och zu Lëtzebuerg, wou d'Piratepartei d'Adress wikileaks.lu zur Verfügung stellt. Déi kierzlech verëffentlecht Sammlung vun US-Diplomatendepeschen ass ënner cablegate.wikileaks.lu ze fannen.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Wikileaks – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Wikileaks has 1.2 million documents? Zuele vun 2008.