Dean Spielmann

Vu Wikipedia
Dean Spielmann
Gebuer 26. Oktober 1962
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun Universitéit vu Léiwen,
Universitéit vu Cambridge
Aktivitéit Riichter, Universitéitsprofesser, Affekot, Politiker

Den Dean Spielmann, gebuer de 26. Oktober 1962, ass e lëtzebuergesche Jurist a Magistrat. Vum 1. November 2012 bis den 1. November 2015 war hie President vum Europäesche Geriichtshaff fir Mënscherechter.

Liewen a Karriär[änneren | Quelltext änneren]

Hien huet op der Kathoulescher Universitéit Léiwen an um Fitzwilliam College vun der Universitéit vu Cambridge Droit studéiert, an op der leschtgenannter 1990 e Master of Law-Ofschloss gemaach.[1][2]

De Spielmann gouf 1989 Member vum Lëtzebuerger Barreau, an huet bis 2004 als Affekot geschafft. Vun 1991 bis 1997 war hie Lektor fir Kriminalrecht op der Uni vu Léiwen. Hien huet och vun 1996 bis 2004 Coursen op der Uni Lëtzebuerg a vun 1997 bis 2008 op der Universitéit Nanzeg ginn.[1]

De 24. Juni 2004 gouf hien zum Lëtzebuerger Riichter um Europäesche Geriichtshaff fir Mënscherechter. Den 1. Februar 2011 gouf hien do President vun der Fënnefter Sektioun vun der Cour. Hie gouf och, am Juli 2012, zum Vizepresident ernannt, mä schonn den 1. November 2012 gouf hie President vum Mënscherechts-Geriichthaff.[3]

Den Dean Spielmann ass Member vum Institut grand-ducal.

Gielchen[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 "Judges of the Court", European Court of Human Rights, echr.coe.int.
  2. "Spielmann Vice-President of ECHR", Fitzwilliam College, Cambridge.
  3. "Dean Spielmann président de la Cour européenne des droits de l'Homme." wort.lu, verëffentlecht den 10.09.12 17:27.
  4. Cour européenne des droits de l'Homme - Dean Spielmann honoré au Luxembourg op www.wort.lu gekuckt den 11. Oktober 2015