Rasswet

Vu Wikipedia
Rasswet
Rasswet (MRM-1)
Kategorie International Raumstatioun
Startdatum 14. Mee 2010
Drorakéit Space Shuttles Atlantis
Ukopplung 18. Mee 2010
Mass 5.075 kg
Längt 6 m
Duerchmiesser 2,35 m
Volumen 17,4 m³
Zenit Sarja
D'Lag vum Rasswet (MRM-1) am russesche Segment

De Rasswet (russesch: "Mueresdämmerung") ass e Fuerschungsmodul vun der Internationaler Raumstatioun. Et ass de Bäitrag vun der russescher Raumfaartagentur Roskosmos. Aner Bezeechnunge sinn Docking Cargo Module (DCM) oder Mini Research Module 1 (MRM-1 respektiv MIM-1). De Rasswet gouf mat der Shuttle-Missioun STS-132 op d'ISS bruecht an den 18. Mee 2010 un de Sarja-Modul ugedockt.

Entwécklung[änneren | Quelltext änneren]

Grad wéi déi amerikanesch Raumfaartagentur NASA ass déi russesch Weltraumagentur Roskosmos wéinst verschiddene Problemer beim Bau vun der internationaler Raumstatioun net an der Lag, all déi fréier geplangt Modullen ze starten. Dofir ass am aktuelle Manifest nëmmen nach de Start vum Fuerschungsmodul Nauka u Bord vun enger Proton-Rakéit am Joer 2017 virgesinn. Duerch d'Wechfale vun engem weideren änleche Modul an d'Installatioun vum amerikanesche Leonardo-Modul um Nadir-Undockpunkt vum Unity hätt sech déi donieft leiend a momentan benutzten Undockplaz fir Versuergungsschëffer op der Nadir-Plaz vu Sarja net méi ouni Gefor usteiere gelooss. Als Léisung fir dee Problem ass de Rasswet eng Aart Verlängerungs- a Kopplungsmodul, sou datt no der Installatioun weiderhin e véierte Kopplungspunkt vu russescher Bauaart fir d'Ukoppele vu Sojus-Raumschëffer an onbemannte Progress-Transporter zur Dispositioun steet.

Fir de Projet an de Bau vum Modul méi séier fäerdeg ze hunn, gouf beim Plang a Konstruktioun op de scho fäerdegen Deel vun der fréier geplangter an net gebrauchter Science Power Platform zeréckgegraff. Dofir gouf den aktive Kopplungsadapter vum Typ SSWP-M 8000 (passend fir Swesda, Nadir a Zenit) mat engem aktiven SSWP G4000 (passend fir Sarja Nadir) ausgetosch an en zweete passiven Adapter vum Typ SSWP G4000 (fir Progress a Sojus) souwéi déi noutwendeg Dreifstoffleitungen agebaut. De Rasswet huet aacht Experimentéieraarbechtsplazen.

Start an Installatioun[änneren | Quelltext änneren]

Rasswet bei der Installatioun un der ISS

Well de Rasswet am Géigesaz zu de meeschten aneren Modulle vu russescher Bauaart keng eegen Dreifwierker huet, war de Start u Bord vun engem Space Shuttle am Kader vun der Missioun STS-132 de 14. Mee 2010. Am Géigenzuch gouf de Banneraum vum Rasswet fir den Transport vun amerikaneschen Ausrëschtunge reservéiert. Un der Baussenhaut sinn doriwwer eraus Attachë fir den Transport vun enger Loftschleis, engem Radiateur a vun Ersatzdeeler fir den europäesche Roboteraarm ERA installéiert. D'Startmass vum Rasswet war ronn 7,9 Tonnen. D'Installatioun op der ISS gouf mam grousse Roboteraarm Canadarm2 gemaach. Déi matgefouert Loftschleis fir Fuerschungszwecker gëtt no der Installatioun vun Nauka un de fräie Kopplungspunkt vum Méizweck-Fuerschungsmodul verluecht an de Radiateur u seng Baussenhaut ugemaach.

De 7. Dezember 2009 gouf den neien Numm vum Modul publizéiert. De Rasswet koum de 17. Dezember 2009 mat enger Antonow An-124 op de Kennedy Space Center.

Technesch Daten[änneren | Quelltext änneren]

Déi eidel Mass vum Rasswet ass 5075 kg. En ass 6 Meter laang, aus Aluminiumalliagë gemaach an en huet en Duerchmiesser vun 2,35 Meter a bitt zousätzlech 17,4 m³ Stauraum.[1]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Rasswet – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. FliegerRevue August 2010, S. 40–43: Good Bye Atlantis – Mission STS 132.