Unity (ISS)

Vu Wikipedia
Unity
Den Unity-Modul, opgeholl vum STS-88 (NASA)
Typ ISS-Modul
Land  USA
Agentur NASA
Mass 11,6 t
Volumen 70 m3
Längt 5,47 m.
Duerchmiesser 4,57 m
Start 4. Dezember 1998
Startplaz
Drorakéit
Status aktiv

D'Unity ass déi éischt vun dräi Kopplungsschleise vum amerikaneschen Deel vun der Internationaler Raumstatioun. Se gouf u Bord vun der Raumfär Endeavour de 4.Dezember 1998 am Kader vun der Missioun STS-88 an de Weltraum bruecht an zwéi Deeg duerno mam Modul Sarja dee schonn am All war gekoppelt. Tëscht de béide Modullen ass e konescht Kopplungsstéck (PMA-1). Unity huet iwwer sechs Kopplungsmechanismen, véier op der zylindrescher Mantelfläch a jee een um Heck an um Bug. Um Bug war ufanks de Kopplungsadapter PMA-2. Den 11. Februar 2001 bei der Missioun STS-98 gouf do den US-Laboratoire Destiny montéiert. Gläichzäiteg gouf de PMA-2 um Bug verlagert.

Op der ieweschter Säit vu Unity gouf schonn am Oktober 2000 bei der Missioun STS-92 d'Gitterstruktur Z1 ugemaach, an där véier Gyroskope fir d'Lagreegelung vun der ganzer Statioun sinn. D'Steierbord-Kopplungsaggregat gouf de 15. Juli 2001 bei der Missioun STS-104 un den US-Erausklammmodul Quest ugedockt. Am Februar 2010 huet d'Space-Shuttle-Missioun STS-130 d'Komponent Tranquility um Backbord-Kopplungsadapter vun der Unity installéiert. Den 1. Mäerz 2011 gouf wärend der STS-133 de Permanent Multipurpose Module an deem no ënne gedréite Kopplungsadapter ugedockt.

D'Unity gouf vum US-Loft- a Raumfaartkonzern Boeing am Marshall Space Flight Center gebaut. D'Fabrikatioun hat 1993 an am Dezember 1996 ugefaangen. De Bannenausbau hat siwe Méint gedauert. Enn Juni 1997 war den Transport zum Kennedy Space Center, wou den Ausbau fäerdeg gemaach gouf. No der Iwwerpréiwung vun der Elektrik am Dezember 1997 gouf véier Méint méi spéit den Dichtheetstest ofgeschloss. De 4. September 1998, genee dräi Méint virum Start, gouf den Unity offiziell der NASA iwwerginn.

De Modul ass 5,5 m laang an huet en Duerchmiesser vu 4,6 m a mat ugedockte Kopplungsadapteren eng Mass vu ronn 12,8 t. Seng Baussenhaut besteet haaptsächlech aus Aluminium. Et huet véier Standard-Racks fir d'Steierung, Liewenserhalung oder als Lagerraum. De Modul ass mat 121 Leitunge fir elektresche Stroum an Date souwéi 216 Killmëttel- a Loftzirkulatiounsréier ausgebaut. Ausserdeem hat en an der Ufangsphas e speziellt Kommunikatiounssystem, dat de russesche Spezifikatioune ugepasst war.

De Unity gouf mat Kopplungsadaptere gestart, déi och vun der Boeing Company gebaut goufen. D'Fabrikatioun an de fäerdegen Ausbau goufen an de Wierkshalen zu Huntington Beach a Kalifornien gemaach. De PMA-1 gouf am Juli 1997 op de KSC a Florida geliwwert; dräi Méint méi spéit war den anere Kopplungsstutzen nokomm. Am November 1997 gouf deen éischten an am Mee 1998 de PMA-2 op d'Unity montéiert.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Unity – Biller, Videoen oder Audiodateien