Tranquility (ISS)

Vu Wikipedia
Unity
De Modul Tranquility mat Cupola
Typ ISS-Modul
Land  USA
Agentur NASA / ESA
Startmass 15.500 kg
Notzlaaschtmass 19.000 kg
Längt 6,70 m.
Duerchmiesser 4,48 m
Start 8. Februar 2010
Startplaz
Drorakéit
Status aktiv

Den Tranquility, virdrun Node 3, ass no Unity (Node 1) an Harmony (Node 2) den drëtte Kopplungsmodul vun der Internationaler Raumstatioun (ISS). E gouf den 8. Februar 2010 zesumme mam Observatiounstuerm Cupola mam Shuttle-Fluch STS-130 op d'ISS bruecht. Do gouf e vis-à-vis vum Ausstigsmodul Quest op der lénkser Säit vum Kopplungsmodul Unity festgemaach.

Funktioun[änneren | Quelltext änneren]

Den Tranquility huet déi héchst entwéckelt Liewenserhalungssystemer, déi jee an de Weltraum geflu goufen. E bereet zum Deel d'Ofwaasser op, déi fir d'Équipe a fir d'Sauerstoffproduktioun benotzt ginn. Am Modul si weiderhi Systemer fir d'Reproduktioun vun der Atmosphär, fir d'Filterung vu Friemstoffer aus der Loft a fir d'Kontroll vun der Zesummesetzung vun der Atmosphär. Och ginn d'Offall- an d'Hygieneofdeelunge vun der Bordequipe montéiert. Am Modul ass schliisslech och Plaz fir Stroum-, Donnéeën-, Kommando-, Temperatur- an Ëmweltsteierungen.

Den Tranquility gëtt un d'ISS ugedockt.

Un engem vun de Kopplungsstutzen vum Tranquility-Modul ass de Cupola-Modul ugedockt, vun deem aus de Roboteraarm Canadarm vun engem Astronaut gesteiert ka ginn, an e weidere vun de Kopplungsadapteren de PMA-3. Den Tranquility stellt weiderhin redundant Undockplaze fir d'Raumtransporter HTV, Dragon a Cygnus bereet. Wärend dem Asaz vun de Space Shuttle goufen do déi MPLM-Moduler ugekoppelt.

De Modul gehéiert zum amerikaneschen Deel vun der Statioun a gouf vun Alenia Spazio an Italien am Optrag vun der Europäescher Weltraumorganisatioun (ESA) gebaut, déi dofir am Géigenzuch Transportleeschtunge mam Space Shuttle vun der NASA krut. De 16. Mee 2009 war den offiziellen Depart vum Modul zu Turin. Mat engem Airbus Beluga ass en dunn den 20. Mee op de Kennedy Space Center geflu ginn.

Numm[änneren | Quelltext änneren]

D'NASA hat bis den 20. Mäerz 2009 iwwer eng Internetëmfro den Numm vum Modul bestëmme gelooss, deen deemools nach als „Node 3“ bezeechent gouf. Jiddweree konnt sech dru bedeelegen. Um Enn krut den Numm Serenity („Lëschtegkeet“, „Geloossenheet“) mat 70 % déi meescht Stëmme vun den NASA-Virschléi, wärend bei den Neivirschléi Colbert mat 230.539 Stëmme geféiert huet, nodeem den amerikanesche Komiker Stephen Colbert zu der Wal opgeruff hat.

D'NASA hat sech d'Recht virbehalen den definitiven Numm ze bestëmmen an hat sech géint Colbert a Serenity entscheet. De 15. Abrëll 2009 hat d'Astronautin Sunita Williams am Colbert senger TV-Show Colbert Report den Numm Tranquility („Rou“) als neien Numm vum Modul bekannt ginn. D'Entscheedung sollt dat 40-järegt Jubiläum vun der éischter Moundlandung am Mare Tranquillitatis éieren.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Tranquility – Biller, Videoen oder Audiodateien