Dragon (Raumschëff)

Vu Wikipedia
Den Dragon am Orbit, aus der Siicht vun der Internationaler Raumstatioun
Falcon 9, Dragon-Kapsel als Frachtversioun an als bemannte Raumschëff

Den Dragon ass e Raumschëff vun der US-amerikanescher Entreprise SpaceX, dat mat enger Falcon-9-Rakéit gestart gëtt. Déi aktuell Dragon-Kapsel ass nëmme fir Materialtransport gëeegent. Spéider sollen och bis zu siwe Persounen op d'ISS geflu ginn. Am Deel vun der Kapsel deen ënner Loftdrock steet stinn 10 Kubikmeter Volume fir méi wéi 3.000 kg Notzlaascht zur Dispositioun. Wärend dem Antrëtt an d'Atmosphär a bei der Landung am Mier kommen en Hëtzschëld a Fallschiermer zum Asaz. Den éischte Start vun enger onbemannter Dragon-Kapsel war den 8. Dezember 2010.

Opbau[änneren | Quelltext änneren]

D'Kapsel besteet aus dräi Deeler, weit am Ganzen aacht Tonnen, ass 5,3 m héich an huet e maximalen Duerchmiesser vun 3,7 m. Op der Spëtzt ass beim Start eng Kap, hanner där sech de Kopplungsadapter fir d'ISS verstoppt. Dohanner ass déi 4,2 t schwéier an 3,1 m héich Drockkabinn fir Notzlaaschten an/oder d'Crew. No der Skizz solle bis zu siwe Raumfuerer dra Plaz hunn. Um Enn ass de Servicemodul deen an der Kapsel integréiert ass. Am Servicemodul sinn 1290 kg Dreifstoff gelagert, fir déi an der Kapsel integréiert 18 Dreifwierker ze versuergen. Den Dreifstoff geet duer fir e Rendez-vous an d'Ukoppelen un d'ISS souwéi d'Ofkoppelen an d'Ofbremse fir de Retour. Un de Servicemodul ka sech bei der Notzlaaschtkonfiguratioun nach en zousätzleche 14 m³ grousse Stauraum fir méi grouss Laaschten uschléissen; dee steet awer net ënner Drock. Un dat zousätzlecht Element gi Solarpanéilen a Wäermtauscher ugemaach.[1] Mat där Versioun vun der Falcon-9-Drorakéit kann den Dragon ongeféier 2,5 t Notzlaascht op d'ISS transportéieren, de COTS-Vertrag gesäit am Ganzen 20 t an 12 Flich vir, dat sinn ongeféier 1,7 t pro Fluch. Bei enger spéiderer, méi staarker Versioun vun der Falcon-9-Drorakéit (Falcon 9 Block III) soll déi maximal Notzlaascht op iwwer 6 t pro Fluch vergréissert ginn[2].

Jee no Ufuerderung vun der Missioun kann de bannenzege Raum vun der Dragon-Kapsel anescht opgebaut ginn. Bei enger Notzlaaschtmissioun ginn Notzlaaschtracke verbaut. Zudeem gëtt et zwou Installatiounsméiglechkeete vun der Shuttle-Middecks-Aart, déi och aktiv Notzlaaschten, wéi Gefréierbehälter, erlaben. Fir eng bemannt Missioun gi Sëtzer fir d'Raumfuerer a Kontrolle fir eng manuell Steierung agebaut.

Dragon als bemannt Raumschëff[änneren | Quelltext änneren]

Souwuel d'Drorakéit wéi och d'Raumschëff gouf vun Ufank un och fir de Persounentransport ausgeluecht. Aus deem Grond soll d'Zuel vun den Ännerungen hin zu engem bemannte Raumschëff vergläichswäis kleng ausfalen.

Well bei enger bemannter Missioun méi héich Ufuerderungen un d'Sécherheet gestallt ginn, ass et wärend sou enger Missioun méiglech, datt d'Mannschaft den Autopilot deaktivéiert a selwer d'Steierung iwwerhëlt. Am Normalfall gëtt den Dragon vun zwéin Avioniksystemer gesteiert, déi och ouni Crew d'Undocken un d'ISS erméiglechen.

D'System fir d'Rettung wärend der Startphas soll anescht wéi beim Apollo-Raumschëff net aus engem Fluchttuerm bestoen, mä an d'Raumschëff integréiert ginn.

Missiounen[änneren | Quelltext änneren]

Stand: 27. Dezember 2014

Nr. Zil Startdatum Startzäit
(UTC)
Fluchdauer
Drorakéit Startplaz Bemierkung
1 NASA-COTS 1 8. Dezember 2010 15:43 3:19 h Falcon 9 CCAFS LC 40 Erfolleg
2 NASA-COTS 2 22. Mee 2012 07:44 223:58 h Falcon 9 CCAFS LC 40 Erfolleg
3 NASA-CRS 1 8. Oktober 2012 00:34 430:16 h Falcon 9 CCAFS LC 40 Deelerfolleg
duerch Problemer beim Start.
4 SpaceX CRS-2 1. Mäerz 2013 15:10 594:25 h Falcon 9 CCAFS LC 40 Erfolleg
5. SpaceX CRS-3 18. Abrëll 2014 19:25 29 d 23:40 h Falcon 9 v1.1 CCAFS LC 40 Erfolleg
6. SpaceX CRS-4 21. September 2014 05:52 34 d 13:46 h Falcon 9 v1.1 CCAFS LC 40 Erfolleg
7. SpaceX CRS-5 10. Januar 2015 09:47 31 d 10:31 h Falcon 9 v1.1 CCAFS LC 40 Erfolleg
8. SpaceX CRS-6 14. Abrëll 2015 20:10 36 d 21:35 h Falcon 9 v1.1 CCAFS LC 40 Erfolleg
9. SpaceX CRS-7 28. Juni 2015 14:21 2 min 19 s Falcon 9 v1.1 CCAFS LC 40 Feelschlag: De Raumtransporter „Dragon“ explodéiert kuerz nom Start
10. SpaceX CRS-8 8. Abrëll 2016 20:43 32 d 22:12 h Falcon 9 v1.2 CCAFS LC 40 Erfolleg
11. SpaceX CRS-9 18. Juli 2016 04:45 zirka 37 d Falcon 9 v1.2 CCAFS LC 40 Erfolleg
12. SpaceX CRS-10 21. November 2016 geplangt Falcon 9 v1.2 CCAFS LC 40 geplangt
13. SpaceX CRS-11 1. Februar 2017 geplangt Falcon 9 v1.2 CCAFS LC 40 geplangt
14. SpaceX CRS-12 8. Abrëll 2017 geplangt Falcon 9 v1.2 CCAFS LC 40 geplangt

COTS-Programm[änneren | Quelltext änneren]

Am Kader vum COTS-Programm (Commercial Orbital Transportation Services) vun der NASA gouf den Dragon ëmfangräich getest. Et goufe verschidde Fäegkeete vum Raumschëff an der Drorakéit demonstréiert (ë. a. Start, automatesch Navigatioun, Undocken un d'ISS, Neesantrëtt a Landung). Dozou goufen zwéin Demonstratiounsflich duerchgefouert.

COTS-1[änneren | Quelltext änneren]

Dragon-Kapsel (C1) no der Landung am Waasser

Missioun 1 bestoung aus dem Start vun der Falcon 9 mat dem Dragon, der Oftrennung vun der zweeter Stuf vun der Falcon 9, dem Empfank vu Befeeler an deenen hir Veraarbechtung am Orbit a Manövertester. Dee Fluch war den 8. Dezember 2010. No zwou Äerdëmronnungen an enger Missiounsdauer vun 3 Stonnen an 19 Minutte war um 19:02 UTC den Neesantrëtt an eng erfolgräich Waasserlandung mat uschléissender Biergung am Pazifik. D'Missioun gouf vu SpaceX a vun der NASA als Erfolleg bewäert.

COTS-2[änneren | Quelltext änneren]

D'Dragon-Kapsel gëtt duerch de Roboterarm vun der ISS agefaangen.

De Start vun der zweeter Missioun, déi en Undockmanöver un déi International Raumstatioun maache soll, war den 22. Mee 2012 um 07:44 Uhr UTC. No enger Rei vun Tester a komplizéierte Manöver war d'Dragonkapsel de véierten Dag bis op 10 Meter un d'ISS erukomm. Si gouf du mat dem Canadarm2-Roboterarm vun der Raumstatioun agefaangen an an eng fräi Kopplungsplaz vum US-amerikaneschen Deel vun der ISS gefouert. Dëse Virgank gouf vum ISS-Bord vun den Astronauten Don Pettit an André Kuipers gesteiert. D'Raumschëff hat 460 kg Fracht (520 kg mat Transportverpakung) op d'ISS transportéiert a gouf fir de Réckfluch mat iwwer 600 kg Offall a Material, dat net méi gebraucht gouf belueden. Zousätzlech goufen am Optrag vun där op Weltraumbegriefnesser spezialiséierter Firma Celestis mat der zweeter Rakéitestuf 308 Äschekapselen an de Weltraum bruecht. Den 31. Mee 2012 gouf d'Dragonkapsel nees vun der Raumstatioun getrennt. Nom Neesantrëtt an d'Äerdatmosphär war d'Waasserlandung um 15:42 Auer UTC virun der Küst vun Nidderkalifornien.

CRS-Programm[änneren | Quelltext änneren]

AM Kader vum CRS-Programm (Commercial Resupply Services) huet d'NASA SpaceX fir 1,6 Milliarden US-Dollar ugestallt, 12 Dragon-Flich fir d'Versuergung vun der ISS duerchzeféieren. Den éischte Fluch vun CRS1 ass den 8. Oktober 2012 gestart ginn.

Dobäi koum et no den Donnéeë vun SpaceX kuerz nom Start zum Ausfall vun engem vun den néng Dreifwierker vun der éischter Rakéitestuf. D'Rakéit ass awer sou gebaut, datt si den Ausfall vu bis zu zwee Dreifwierker kompenséiere kann an den Orbit trotzdeem erreeche kann. Den Ufluch op d'Raumstatioun an d'Undocke ware wéi geplangt verlaf. Et gouf eng Notzlaascht vun 235 kg transportéiert, wéi Versuergungsgidder (Kleedung, Liewesmëttelen, asw.) a Material fir wëssenschaftlech Experimenter. D'Kapsel gouf fir de Réckfluch mat 524 kg Gidder belueden a koum den 28. Oktober 2012 nees op d'Äerd zeréck. Déi zweet CRS-Missioun war vum 1. Mäerz bis de 26. Mäerz 2013.

CCdev-Programm[änneren | Quelltext änneren]

Am Kader vum CCdev-Programm (Commercial Crew Development) ënnerstëtzt d'NASA, déi ouni de Space Shuttle keng eege bemannt Missioune fir de Crewaustausch méi maache kann, d'Weiderentwécklung vun der Dragon zu engem bemannte Raumschëff. Eng bemannt Dragon, déi no SpaceX bei ausreechender Finanzéierung bis 2014 bereet kéint sinn, kéint beim Crewtransport d'Sojus-Kapselen entlaaschten.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Dragon-Raumschiff – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. FliegerRevue Februar 2011, S.40-44, Der Drache lernt fliegen
  2. Artikel zu Cygnus und Dragon von Bernd Leitenberger