SpaceX

Vu Wikipedia
SpaceX
Kategorie Kapitalgesellschaft
Grënnung 2002
Sëtz Hawthorne, Kalifornien, USA
Leedung Elon Musk (CEO an CTO), Gwynne Shotwell (Presidentin)
Mataarbechter 1100
Branche Loft- a Raumfaarttechnik
Websäit SpaceX.com

SpaceX (Space Exploration Technologies Corporation) ass eng US-amerikanesch Entreprise, déi an der privater Raumfaartindustrie aktiv ass. No Feelschléi am Ufank, huet d'Firma sech an e puer Joer zu engem bedeitende Mataarbechter vum COTS-Programm entwéckelt, fir de Ravitaillement vun der Internationaler Raumstatioun nom Enn vum Space-Shuttle-Programm. Donieft gi kommerziell Transporter vun Notzlaaschten an d'Äerdëmlafbunn ugebueden.

SpaceX ass aktuell (2012) déi weltwäit eenzeg privat Entreprise, déi an der Lag ass, e Raumschëff an eng Äerdëmlafbunn ze bréngen an uschléissend nees sécher op der Äerd ze landen.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Falcon 1 op der Vandenberg AFB-Plattform

SpaceX gouf am Juni 2002 vum Entreprener Elon Musk gegrënnt, dee mat den zwou Internetfirmen Zip2 a PayPal en ettlech honnert Milliounen US-Dollar verdéngt hat. Mat engem Deel dovun huet hien du SpaceX gegrënnt.

D'Firma huet d'Entwécklung vun der Rakéit mat ronn 30 Leit Personal ugefaangen. Am Juni 2005 waren et schonn 130 Mataarbechter. Vill Deeler vun der Falcon-Rakéit, z. B. déi zwéi Rakéitemotoren (Merlin a Kestrel) fir déi éischt an déi zweet Stuf, sinn Neientwécklungen.

D'Starte si vun der Vandenberg Air Force Base wéi och vun der geographesch gënschteg geleeëner Insel Omelek am Kwajalein-Atoll geplangt.

Den éischten erfollegräiche Start vun enger Falcon-1-Rakéit war den 28. September 2008 um 23:15 Auer (UTC), et goufe véier Countdowne gebraucht. SpaceX huet mat der Falcon 1 déi éischt komplett privat entwéckelt Flëssegdreifstoffrakéit, déi den Orbit erreeche kann.

Am Dezember 2008 gouf e Vertrag tëscht SpaceX an der NASA iwwer 1,6 Milliarden US-Dollar fir 12 Ravitaillementstransporter op d'International Raumstatioun ISS ënnerschriwwen. Dobäi sollen am Ganzen 20 Tonne Laascht mat de Falcon-9-Rakéiten op d'ISS geliwwert ginn.

Ariichtungen[änneren | Quelltext änneren]

D'Zentral vun der Entreprise zu Hawthorne

Sëtz vun der Entreprise[änneren | Quelltext änneren]

Zu Hawthorne a Kalifornien ass d'Geschäftszentral vun der Entreprise a grouss Entwécklungs- a Produktiounsanlagen. Do steet och de Fluchkontrollzentrum fir all SpaceX-Missiounen.

Startariichtungen[änneren | Quelltext änneren]

D'Starte vun de Falcon-9-Rakéiten sinn um speziell ëmgebauten Launch Complex 40 um Cape Canaveral. Do huet d'Firma och en Hangar, an deem d'Rakéitestufe virum Start zesummegebaut ginn.

Vun der Kwajalein Missile Range op Omelek (Marshallinselen) goufe bis elo fënnef Falcon-1-Rakéite gestart.

Aktuell gëtt um Terrain vun der Vandenberg Air Force Base eng nei Startramp fir déi nei Héichleeschtungsrakéit Falcon Heavy opgeriicht.

Rakéitentestanlagen[änneren | Quelltext änneren]

Zu McGregor am Texas bedreift SpaceX zanter 2003 eng Testanlag fir Rakéitendreifwierker a Manövréierdüsen. Do gëtt och och e groussen Deel vun der Entwécklungsaarbecht a Bezuch op d'Dreifwierkstechnik gemaach.

Falcon 1[änneren | Quelltext änneren]

  Haaptartikel zu dësem Theema: Falcon 1 


Prototyp vun der Falcon 1

Den éischten Testfluch vun der liichter Falcon-1-Rakéit war no méifache Startverrécklungen zanter 2004, de 24. Mäerz 2006, d'Rakéit war awer wéinst engem Dreifstoffleck uschléissend ofgestierzt. Beim zweeten Testfluch den 21. Mäerz 2007 hat d'Rakéit eng Héicht vun 300 Kilometer erreecht. Déi zweet Rakéitestuf war méiglecherweis mat der ofgesprengter éischter Stuf kollidéiert, soudatt d'Rakéit ausser Kontroll gerode war. D'Uewerstuf war zeréck an d'Äerdatmosphär gestierzt. Den drëtten Testfluch war den 3. August 2008 och feelgeschloen. De véierte Fluch vum 28. September 2008 ass dann endlech gegléckt. Heibäi gouf de selwechten Dreifwierktyp (Merlin C) wéi beim Fluch virdru gebraucht. Duerch d'Behiewe vum Feeler bei der Stufentrennung konnt d'Falcon 1 hir 165 kg schwéier Proufnotzlaascht an engem 644 km héijen Orbit aussetzen. De 14. Juli 2009 gouf d'Falcon 1 beim Start vum malaysesche Satellit RazakSat fir d'éischt kommerziell agesat.

Falcon 9 a Falcon Heavy[änneren | Quelltext änneren]

  Haaptartikel zu dësem Theema: Falcon 9 


Weiderhin goufen déi méi grouss Modelle Falcon 9 a Falcon 9 Heavy entwéckelt. Ufanks war mat der Falcon 5 e weidere Modell geplangt. Mat der Entwécklung gouf awer zu Gonschte vun der Falcon 9 opgehalen. D'Falcon 9 heavy gebraucht zwou zousätzlech éischt Stufen vun der Falcon 9 als Booster. Bei deenen hirem Start gi bis zu 27 Rakéitendreifwierker gläichzäiteg gezünt. Scho bei der Falcon 9 mat néng Dreifwierker gëtt héije Wäert op d'Redundanz geluecht: Den Ausfall vun engem Dreifwierk soll bei jiddwer Fluchphas vun der Ënnerstuf kontrolléierbar sinn.

2006 hat SpaceX beim Concours vun der NASA fir de private Ravitaillement vun den ISS-Commercial Orbital Transportation Services matgemaach a war ee vun de Gewënner. An Zesummenaarbecht mat der NASA ass déi weider Entwécklung an Erprouwung vun der Falcon 9 a vum Raumschëff Dragon erfollegt.

De 4. Juni 2010 war den éischte Start vun der Falcon 9 op Cape Canaveral (LC40). Si huet den Äerdorbit erreecht a sech vun der éischter Stuf getrennt.

Bei der geplangter Falcon Heavy ginn dräi Falcon-9-Éischtstufen zu enger Rakéit gebëndelt. Dozou kënnt nach eng Uewerstuf. Si wier déi leeschtungsfäegst Drorakéit zanter der Moundrakéit Saturn V.[1],[2] Mat Intelsat gouf schonn den éischte Kontrakt iwwer e kommerzielle Fluch mat Falcon Heavy ënnerschriwwen.

Dragon[änneren | Quelltext änneren]

  Haaptartikel zu dësem Theema: Dragon (Raumschëff) 


Dragon-Kapsel beim Undockmanöver un d'ISS

Och an Eegeregie – awer mat NASA-Ënnerstëtzung – gouf d'Dragon-Kapsel konzipéiert, gebaut an erprouft. Den 8. Dezember 2010, ass déi éischt Dragon-Kapsel op enger Falcon 9 fir e Fluch an de Weltraum gestart an ass no ronn 3 Stonnen am Pazifischen Ozean gelant.[3] Domat gouf d'Fäegkeet demonstréiert, d'Kapsel net nëmmen ze starten, mä och ze landen. D'Kapsel ass domat dat eenzegt Transportsystem, dat an der Lag ass, Notzlaaschte vun der ISS och zeréck op d'Äerd ze bréngen.

Vum dem zweeten Hallefjoer 2012 un, solle reegelméisseg Flich fir de Ravtaillement vun der ISS gemaach ginn. Et ass ausserdeem geplangt, d'Raumschëff no entspriechender Erprouwung och fir den Transport vun Astronauten ze benotzen.

Dragon V2[änneren | Quelltext änneren]

  Haaptartikel zu dësem Theema: Dragon V2 

Dragon V2

Den 29. Mee 2014 huet den Elon Musk de Prototyp vum Dragon V2 (Dragon Versioun 2) fir den Transport vu maximal siwen Astronaute virgestallt. Et ass dat zweet Raumschëff vun der Dragon-Serie.

D'Raumschëff huet aacht Koppelle vu klenge SuperDraco-Rakéitendreifwierker a soll domat an der Lag sinn, „iwwerall op dem Land mat der Prezisioun vun engem Helikopter ze landen“.[4] D'SuperDraco-Rakéitendreifwierker brauchen e Schub vu jee 73.000 Newton a goufe komplett mam der 3D-Drockmethod Lasersintern hiergestallt.[5]

Grasshopper[änneren | Quelltext änneren]

  Haaptartikel zu dësem Theema: Grasshopper (Rakéit) 

D'Falcon 9 wärend engem Landeversuch

De Grasshopper an d'Falcon 9 Reusable Development Vehicles (F9R Dev) sinn experimentell Rakéite fir suborbital Flich, mat deene getest gëtt, wéi eng Rakéitestuf nom Start kontrolléiert nees gelant ka ginn. Zil ass et, Rakéitekomponente méi dacks ze gebrauchen, fir Käschten ze spueren.

D'Erkenntnesser sinn an d'Modifikatioune vun der éischter Stuf vun der tatsächlech agesater Falcon 9 agefloss, woubäi aus Sécherheetsgrënn d'Landungsversich ufanks nëmmen iwwer dem Ozean an dann um Autonomous spaceport drone ship gemaach goufen. Den 21. Dezember 2015 Uertszäit (22. Dezember UTC) beim 20. Start vun enger Falcon 9 gouf et nom Retour aus dem Weltraum eng sécher Landung op der Startplaz Cape Canaveral.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: SpaceX – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. SpaceX: Falcon Heavy will lift more than twice as much as any other launch vehicle Datum: 14. Mäerz 2011, ofgeruff: de 6. Abrëll 2011 Gearchiveerd op 2012-09-18. Gekuckt de(n) 2012-10-10.
  2. Falcon Heavy overview (en)
  3. SpaceX Dragon-Kapsel startet und wassert erfolgreich
  4. Elon Musk bei der Virstellung vum Raumschëff den 29. Mee 2014; http://www.youtube.com/watch?feature=player_embedded&v=yEQrmDoIRO8
  5. http://www.youtube.com/watch?feature=player_embedded&v=yEQrmDoIRO8