Falcon 9

Vu Wikipedia
Eng Falcon 9 mat Dragon-Raumkapsel fir en Test op der Startplaz
Falcon 9 (lénks) a Falcon Heavy (riets)

D'Falcon 9 ass eng US-amerikanesch Drorakéit, déi vun der Firma SpaceX entwéckelt gouf. Si baséiert technesch op der klenger Falcon 1, awer amplaz vun engem eenzelen Dreifwierk an der éischter Stuf, ginn néng Stéck gebraucht. Am Kader vum COTS-Programm soll d'Rakéit d'Dragon-Raumschëff an den Äerdorbit bréngen. Donieft gëtt si och fir kommerziell Starter ugebueden. Den éischten erfollegräiche Fluch war am Juni 2010.

Duerch Montage vun zwou weideren Éischtstufen als Booster un déi éischt Stuf vun der Falcon 9 entsteet d'Falcon Heavy. Bei där besteet d'Méiglechkeet datt den Dreifstoff vun de Boosteren och déi éischt Stuf alimentéiert, soudatt déi éischt Stuf eréischt kuerz virum Oftrenne vun de Boosteren op déi eegen Tanken ëmschalte muss. Den éischte Start vun enger Falcon Heavy war fir den Oktober 2016 virgesinn, gouf awer dunn op den November 2017 zeréckgesat[1].

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

V. l. n. r.: Falcon 1, Falcon 9 v1.0, dräi Versioune vun der Falcon 9 v1.1, dräi Versioune vun der Falcon 9 v1.2, zwou Versioune vun der Falcon 9 Block 5 an d'Falcon Heavy

Am September 2005 hat SpaceX bekannt ginn, datt si eng nach méi staark Drorakéit déi méi dacks kéint gebraucht ginn, ënner der Bezeechnung Falcon 9 entwéckele wëll. Déi éischt Stuf vun der Falcon 9 v1.0 benotzt néng Merlin-1C-Dreifwierker a quadratescher Andeelung, déi zweet Stuf en eenzelt Merlin-1C-Dreifwierk mat enger vergréisserter Ausstréimungsdüs. Ufanks war mat der Falcon 5 e weidere Modell geplangt, mat deem senger Entwécklung awer an der Tëschenzäit zu Gonschte vun der méi grousser Falcon 9 opgehale gouf. D'Rakéit mat hiren néng Dreifwierker ass och bei Ausfall vun engem Dreifwierk a jiddwer Fluchphas vun der ënneschter Stuf ze manövréieren. De 4. Juni 2010 war no ville Verréckelungen de Start vun der Falcon 9 um Cape Canaveral AFS Launch Complex 40. Si hat den Äerdorbit erreecht an hat déi éischt Stuf ogetrennt. D'Notzlaaschtkapazitéit vun der éischter Falcon 9 v1.0-Versioun louch bei ongeféier 10.000 kg fir en niddregen Orbit (LEO). Dës Versioun gouf schonn no fënnef Starte mat der méi leeschtungsstaarker Versioun v1.1 ersat. Bei där Ausbaustuf ginn déi méi staark Merlin-1D-Dreifwierker benotzt. De méi héije Schub erlaabt et elo och méi Dreifstoff matzehuelen. Dofir goufen d'Tanke vun der éischter an zweeter Stuf verlängert. D'Dréifwierker vun der éischter Stuf sinn elo an engem Rank vun aacht Dreifwierker ëm en zentraalt Dreifwierk gruppéiert. Vu SpaceX gëtt dës Opstellung als Octaweb bezeechent. Mat dëser Versioun goufen éischt Versich gemaach, fir déi éischt Stuf no hirer Trennung vun der Uewerstuf kontrolléiert ze landen, wat awer net gelonge war.

Am Laf vum Joer 2015 goufe weider Verbesserunge vun der Falcon 9 ugekënnegt. D'Merlin-1D-Dreifwierker krute méi Schub, wat nees méi eng héich Dreifstoffkapazitéit verlaangt. Dëst gëtt engersäits duerch Ënnerkillung a sou héijer Dicht vum Kerosin a flëssegem Sauerstoff fir béid Stufe an anerersäits duerch vergréissert Tanken an der Uewerstuf erreecht. Dës Versioun gëtt inoffiziell als v1.2 oder v1.1 Full Thrust bezeechent, en offiziellen Numm ass net bekannt. Och ënnerscheede sech d'Notzlaaschtdonnéeën net vun der v1.1. Den éischte Start war den 21. Dezember 2015 nom Feelstart am Juni 2015. Fir d'éischt ass et gelongen, de Réckfluch vun der éischter Stuf erfollegräich ze landen.

Et ass eng nach méi staark Versioun vun der Falcon 9 geplangt, déi zwou weider Falcon-9-Éischtstufen änlech der Delta IV Heavy als Booster benotze soll. Dës Variant (Falcon Heavy) soll 53.000 kg an e niddregen Orbit transportéiere kënnen an tëscht 77 Millioune an 135 Milliounen US-Dollar pro Missioun kaschten. Duerch déi stänneg Weiderentwécklung vun der normaler Falcon 9 verspéit sech d'Entwécklung vun dëser Heavy-Versioun, en éischte Start ass 2016 méiglech.

Tëschefäll[änneren | Quelltext änneren]

  • Beim véierte Start den 8. Oktober 2012 war bei der Falcon 9 no 1 Minutt an 19 Sekonne en Dreifwierk an der éischter Stuf ausgefall. Déi eenzel Dreifwierker am Cluster vun der éischter Stuf sinn duerch Kevlarëmmantelunge geschützt, soudatt déi aner Dreifwierker duerch d'Explosioun vun deem Dreifwierk net beschiedegt goufen. Fir e symmetresche Schub ze kréien, gouf d'Dreifwierk dat vis-à-vis läit automatesch ofgeschalt. Wéinst enger verlängerter Brenndauer vun deenen aneren Dreifwierker an der zweeter Stuf konnt trotzdeem de geplangten Orbit fir d'Haaptnotzlaascht Dragon erreecht ginn. Duerch d'Sécherheetsreegele fir d'ISS konnt awer d'Sekundärnotzlaascht, de Satellit „Orbcomm FM44“, net méi op deem seng, méi héich Ëmlafbunn bruecht ginn. Sou gouf de Satellit op enger méi niddreger Bunn, wéi virgesinn, ausgesat a war dräi Deeg méi spéit vergloust. Doduerch war dëse Start vun der Falcon 9 nëmmen en Deelerfolleg.
  • Beim sechste Start vun der Falcon 9 an zugläich éischte Start vun der verbesserter Versioun v1.1 konnten den 29. September 2013 d'Primärnotzlaascht CASSIOPE an en ettlech kleng Sekundärnotzlaaschten erfollegräich op hir geplangt Bunnen ausgesat ginn. Nom Aussetze vun de Notzlaaschte war geplangt, déi zweet Stuf nach eng Kéier ze zünden, fir d'Neeszündfäegkeet am Orbit ze demonstréieren, déi fir Starten an eng geostationär Transferbunn noutwendeg ass. Bei der neier Zündung gouf et awer eng Explosioun am Dreifwierk, an d'Stuf gouf zerstéiert.
  • De schwéiersten Tëschefall an éischten Totalverloscht war den 28. Juni 2015 beim 19. Start vun enger Falcon 9. 2 Minutten an 19 Sekonne nom Start – kuerz virun der geplangter Ofkopplung vun der éischter Stuf an Zündung vun der zweeter Stuf – war de Sauerstofftank vun der zweeter Stuf explodéiert an hat dobäi déi Stuf demoléiert. D'Notzlaascht an d'Dragonkapsel sinn ewechgebrach. Den Trunk (drocklose Frachtdeel vum Dragon) an de Kopplungsadapter IDA fir d'ISS, dee fir d'Kopplung vun den neie bemannten CCDev-Raumschëffer mat der ISS dénge sollt, goufen zerstéiert. D'Dragonkapsel hat ufanks den Onfall iwwerstanen an nach weider Telemetriedate gesent, gouf awer méiglecherweis beim Opschlag um Ozean zerstéiert.

Den 20. Juli 2015 huet den Elon Musk bekannt ginn, datt warscheinlech en Hollem gerass war, mat deem den Heliumtank um Sauerstofftank festgemaach war. Den Heliumtank ass dunn an d'Luucht geschoss, wat zu engem Verloscht vun der struktureller Integritéit gefouert huet. Den Hollem soll bei 20 % vun der zertifizéierter Laascht gerass sinn. SpaceX konnt de Virgank bei enger Testrei novollzéien.

Technesch Donnéeën[änneren | Quelltext änneren]

Versioun Falcon 9 v1.0 Falcon 9 v1.1 Falcon Heavy
Éischt Stuf 9 × Merlin-1C 9 × Merlin-1D éischt Standard-Stuf mat 9 × Merlin-1D
plus 2 Booster mat jee 9 × Merlin-1D
domat am Ganze 27 Merlin- Dreifwierker
fir déi éischt Stuf
Zweet Stuf 1 × Merlin-1C-Vac 1 × Merlin-1D-Vac 1 × Merlin-1D-Vac
Héicht (maximal) (m) 54,9 69,2
Duerchmiesser (m) 3,6 3,6 3,6 × 11,6
Schub (um Buedem) (kN) 4.940 17.000
Startmass (t) 333 1.400
Notzlaaschtverkleedung
Duerchmiesser (m)
5,2 5,2 5,2
Notzlaascht (LEO) (kg) 10.450 53.000
Notzlaascht (GTO) (kg) 4.540 ~4.800 iwwer 12.000
Präis (Mio. US-Dollar) 35 80–125

Startlëscht[änneren | Quelltext änneren]

Dëst ass eng komplett Startlëscht vu Falcon-9-Rakéiten. Stand vun der Lëscht: 1. Januar 2016.

Laf. Nr. Datum
(UTC)
Typ Startplaz Notzlaascht Aart vun
Notzlaascht
Notzlaascht
a kg (brutto)
Orbit Bemierkungen
1 04.06.2010 Falcon 9 v1.0 CC SLC-40
Dragon-Qualifikatiounseenheet
Modell vun der Dragon-Kapsel k. A. LEO Erfolleg
Éischte Fluch vun der Falcon 9
2 08.12.2010 Falcon 9 v1.0 CC SLC-40 Dragon C1 Dragon-Kapsel 5200 kg LEO Erfolleg
NASA COTS – Demo 1 (5-h-Fluch)
3 22.05.2012
7:44:38
Falcon 9 v1.0 CC SLC-40
Dragon C2+,
Celestis 11
Dragon-Kapsel fir d'Undocken un d'ISS an Weltraumbegriefnes LEO Erfolleg
NASA COTS – Demo 2
4 08.10.2012
00:35
Falcon 9 v1.0 CC SLC-40
Dragon CRS-1
Dragon-Kapsel, Orbcomm FM44 LEO Deelerfolleg
Ravitaillementsfluch CRS-1 op d'ISS mat der Dragon-Kapsel.
No 1 Min. 19 sek. Ausfall vum Dreifwierk 1 vun der éischter Stuf. Mat verlängerte Brennzäite vun der éischter an zweeter Stuf konnt den Dragon CRS-1 op der geplangter Bunn ausgesat ginn. Fir de Weiderfluch an déi geplangt Ëmlafbunn vun Orbcomm FM44 wiere Sécherheetsreegele fir d'ISS verletzt ginn. Sou gouf en express an enger netgeplangter, falscher Ëmlafbunn ausgesat[2]. Testprogramm vun der Rakéit trotzdeem gréisstendeels erfollegräich. Den Orbcomm FM44 ass an der Tëschenzäit vergloust[3].
5 11.03.2013 Falcon 9 v1.0 CC SLC-40
Dragon CRS-2
Dragon-Kapsel LEO Erfolleg
Ravitaillementsfluch CRS-2 zu der ISS mat der Dragon-Kapsel.
6 29.09.2013 Falcon 9 v1.1 VAFB SLC 4E CASSIOPE,
CUSat,
DANDE,
dräi POPACS
kombinéierte Fuerschungs- a Kommunikatiounssatellit,
Technologietestssatellit,
4 Fuerschungssatellitten
LEO Erfolleg
Éischte Start vu Vandenberg
Éischte Start vun der Versioun Falcon 9 v1.1.
7 03.12.2013 Falcon 9 v1.1 CC SLC-40
SES 8
Kommunikatiounssatellit 3200 kg GTO Erfolleg
Éischte Start an e geostationäre Transferorbit.
8 08.01.2014 Falcon 9 v1.1 CC SLC-40
Thaicom 6
Kommunikatiounssatellit 3325 kg GTO Erfolleg
Bruttogewiicht, d. h. Mass vun der Notzlaascht mat Adapter, Gehais asw.
9 18.042014 1.1 CCAFS
SpaceX Dragon
CRS-3
5500 kg Transport LEO Erfolleg Ravitaillement fir d'ISS
10 14.062014 1.1 CCAFS Orbcomm OG2 1100 kg 6 Satellitten
vun 172 kg
LEO Erfolleg. Orbcomm
11 05.08.2014 1.1 CCAFS Asiasat 8 4535 kg Telekommunikatiouns
satellitten
GTO Erfolleg
12 07.09.2014 1.1 CCAFS Asiasat 6 3700 kg Telekommunikatiouns-
satellitten
GTO Erfolleg
13 21.09.2014 1.1 CCAFS
SpaceX Dragon
CRS-4
5500 kg Transport
5 Cubesatellitten
LEO Ravitaillement fir d'ISS
14 10.01.2015 Falcon 9 v1.1 CC SLC-40
Dragon CRS-5
Dragon-Kapsel LEO Erfolleg
Brochlandung vun der éischter Stuf um Autonomous spaceport drone ship
15 11.02.2015 Falcon 9 v1.1 CC SLC-40 DSCOVR Äerdobservatiounssatellit 570 HEO-Transferorbit Erfolleg
Héchst bis elo erreecht Vitess vun enger Falcon 9
16 02.03.2015 Falcon 9 v1.1 CC SLC-40 Eutelsat 115 West B Kommunikatiounssatellitten 4159 GTO Erfolleg
Duebelstart, béid Satellitte blouwe bis zum Aussetze matenee verbonnen
17 14.04.2015 Falcon 9 v1.1 CC SLC-40 Dragon CRS-6 Dragon-Kapsel LEO Erfolleg
Brochlandung vun der éischter Stuf op dem Autonomous spaceport drone ship
18 27.04.2015 Falcon 9 v1.1 CC SLC-40
TurkmenAlem52E
MonacoSat 1
Kommunikatiounssatellit 4731 GTO Erfolleg
Éischten turkmenesche Satellit
19 28.06.2015 Falcon 9 v1.1 CC SLC-40 Dragon CRS-7 Dragon-Kapsel LEO Feelschlag
2:19 Minutte nom Start strukturellt Versoe vun der zweeter Stuf, bis 2:27 ass der Dréier komplett ausenee gebrach
20 22.12.2015 Falcon 9 v1.2 CC SLC-40 Orbcomm OG2 11 Kommunikatiounssatellitten LEO Erfolleg
éischten erfollegräiche Réckfluch a Landung vun der éischter Stuf op Cape Caneveral, éischte Start vun enger verbesserter Ausbaustuf vun der Falcon 9
21 17.01.2016 Falcon 9 v1.1 VAFB LC4 Jason 3 Ozeanfuerschungssatellit SSO Erfolleg
Leschte Start vun der Versioun Falcon 9 v1.1; mëll Landung vun der éischter Stuf op enger Plattform am Ozean, uschléissend allerdéngs wéinst Versoe vun engem Landebeen ëmgefall
22 4. Mäerz 2016
23:35
Falcon 9 v1.2 CC SLC-40 SES-9 Kommunikatiounssatellit 5271 GTO Erfolleg
Brochlandung vun der éischter Stuf um Autonomous spaceport drone ship
23 8. Abrëll 2016
20:43
Falcon 9 v1.2 CC SLC-40 Dragon CRS-8 Dragon-Kapsel mam opblosbaren ISS-Modul BEAM am drockfräie Frachtsektor LEO Erfolleg
éischt erfollegräich Séilandung vun der éischter Stuf um Autonomous spaceport drone ship
24 6. Mee 2016
5:21
Falcon 9 v1.2 CC SLC-40 Japan JCSAT-14 Kommunikatiounssatellit 4700 GTO Erfolleg
éischt erfollegräich Séilandung vun der éischter Stuf wärend enger GTO-Missioun
25 27. Mee 2016
21:39
Falcon 9 v1.2 CC SLC-40 Thailand Thaicom 8 Kommunikatiounssatellit 3100 GTO Erfolleg
Erfollegräich Séilandung vun der éischter Stuf um Autonomous spaceport drone ship
26 15. Juni 2016
14:29
Falcon 9 v1.2 CC SLC-40 Eutelsat 117 West B,
Bermuda ABS 2A
Kommunikatiounssatellitten 3600 GTO Erfolg
Brochlandung vun der éischter Stuf um Autonomous spaceport drone ship
27 18. Juli 2016
04:45
Falcon 9 v1.2 CC SLC-40 Dragon CRS-9 Dragon-Kapsel LEO Erfolleg
Erfollegräich Landung vun der éischter Stuf op der Landing Zone 1
28 14. August 2016
05:26
Falcon 9 v1.2 CC SLC-40 JCSAT-16 Kommunikatiounssatellit 4600 GTO Erfolleg
Erfollegräich Séilandung vun der éischter Stuf um Autonomous spaceport drone ship
N/A 3. September 2016
07:00-09:00
(geplangt)
Falcon 9 v1.2 CC SLC-40 Amos 6 Kommunikatiounssatellit GTO Feelschlag
D'Rakéit ass bei engem routinneméissegen Testlaf den 1. September 2016, dräi Deeg virum geplangte Starttermin, op der Startramp explodéiert, Totalverloscht vun der Notzlaascht.[4],[5]
2017
29 14. Januar 2017
17:54
Falcon 9 v1.2 VAFB LC4 Iridium NEXT 1-10 Kommunikatiounssatellitten 9600 LEO Erfolleg
Erfollegräich Séilandung vun der éischter Stuf um Autonomous spaceport drone ship
30 19. Februar 2017
14:39[6]
Falcon 9 v1.2 KSC LC39A Dragon CRS-10 Dragon-Kapsel LEO Erfolleg
Éischte Start vum Kennedy Space Center
Erfollegräich Landlandung vun der éischter Stuf op der Landing Zone 1
31 16. Mäerz 2017
06:00
Falcon 9 v1.2 KSC LC39A EchoStar 23 Kommunikatiounssatellit 5500 GTO Erfolleg
Keng Landung vun der éischter Stuf

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Falcon 9 – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Startprogramm
  2. Stephen Clark: SpaceX cargo flight overcomes engine mishap, in spaceflight now, datum: 8. Oktober 2012, abgerufen: 10. Oktober 2012
  3. Stephen Clark: Orbcomm craft falls to Earth, company claims total loss, in spaceflight now, datum: 11. Oktober 2012, ofgeruff: 20. Oktober 2012
  4. https://www.heise.de/newsticker/meldung/SpaceX-Falcon-9-Rakete-und-Amos-6-Satellit-bei-Explosion-auf-Cape-Canaveral-zerstoert-3312028.html
  5. https://twitter.com/SpaceX/status/771357538738577408
  6. http://forum.nasaspaceflight.com/index.php?topic=42182.msg1644878#msg1644878