Amos (Satellit)

Vu Wikipedia
E Modell vum israeeleschen Amos-5 Satellit

Amos ass den Numm vun enger israeelescher Kommunikatiounssatellitteserie. D'Satellitte vun der Serie goufe vun der Israel Aerospace Industries gebaut a gi vu Spacecom bedriwwen.

Amos 1[änneren | Quelltext änneren]

Amos 1 war den éischten israeelesche Kommunikatiounssatellit. E gouf op Basis vun den Ofeq-Opklärungssatellitten an Zesummenaarbecht mat der DASA an der Alcatel Espace entwéckelt. De Start war de 16. Mee 1996 um Centre Spatial Guyanais a Franséisch-Guayana.

Amos 2[änneren | Quelltext änneren]

Den Amos 2 gouf de 27. Dezember 2003 vum Kosmodrom Baikonur a Kasachstan mat enger Sojus-Rakéit gestart. En iwwerdréit Televisiouns- a Radiosignaler fir d'Regiounen am Noen/Mëttleren Osten (mat Israel), Europa an ëstlech USA.

Amos 3[änneren | Quelltext änneren]

Den Amos 3 gouf den 28. Abrëll 2008 vum Kosmodrom Baikonur mat enger Zenit-Rakéit gestart.

Amos 4[änneren | Quelltext änneren]

Den Amos 4 gouf den 31. August 2013 mat enger Zenit-Rakéit an e Geotransferorbit bruecht a soll d'Orbitalpositioun 65° Ost erreechen.

De Satellit ass ronn 4,2 Tonne schwéier a gouf vun IAI an Thales gebaut. Hie soll Indien, den Noen/Mëttleren Osten a Russland zerwéieren, kann awer, wann erfuerdert och China, Osteuropa a Südafrika ofdecken. Hien ass mat 4 Ku- an 8 Ka-Band-Transpondere souwéi 10 Antennen ausgerëscht. Seng Liewensdauer ass fir 12 Joer virgesinn.

Amos 5[änneren | Quelltext änneren]

Den Amos 5 ass den 11. Dezember 2011 erfollegräich mat enger Proton-Rakéit gestart. Hien huet en 18 C-Band-Transponder a 16 Ku-Band-Transponder. Anescht wéi seng Virgängersatellitte gouf den Amos 5 vum russesche Fabrikant ISS Reshetnev gebaut. De Satellit baséiert op dem Bussystem Express 1000H a kascht 157 Milliounen US-$.

Amos 6[änneren | Quelltext änneren]

De Start vum Amos 6 ass fir de Juli 2016 geplangt. Hie soll nieft de Ku-Band-Transponderen och Ka-Band-Transponderen hunn. Den neie Satellit soll den Amos 2 op der Positioun 4°W ersetzen.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]