Ofeq

Vu Wikipedia
Ofeq 3

Ofeq (hebräesch: אופק fir Horizont) ass d'Bezeechnung vun enger israeelescher Satellitteserie. DFluchkierper goufen all mat Shavit-Rakéite vun der Rakéitestartplaz Palmachim an eng retrograd Ëmlafbunn gestart. Déi kaschten zwar méi Dreifstoff, bidden awer de lokale Virdeel, datt ausgebrannt Rakéitestufen an d'Mëttelmier amplaz op bewunnt Gebidder falen.

Den Ofeq 1, gouf den 19. September 1988 gestart. De Satellit hat e Gewiicht vun 155 Kilogramm an huet d'Äerd op enger Ëmlafbunn mat engem Perigeum vun 249 Kilometer an engem Apogeum vun 1149 Kilometer op enger ëm 142,9 Grad schréier Bunn ëmkreest. De Satellit hat haaptsächlech Tester mat Solarzellen- a Funkiwwerdrounge gemaach.

Den 3. Abrëll 1990 gouf Ofeq 2 gestart. Hien huet d'Äerd op enger 143,2 Grad schréier Bunn mat engem Perigeum vun 149 Kilometer an engem Apogeum vun 251 Kilometer ëmkreest. Den Ofeq 2 huet Kommunikatiounstester gemaach.

E weidere Satellit vun der Ofeq-Serie, deen de 15. September 1994 gestart gouf, dierft e Feelschlag gewiescht sinn.

D'Satellitte vun Ofeq 3 un (Start: 5. Abrëll 1995), waren all Opklärungssatellitten.

Den Ofeq 4 gouf den 22. Januar 1998 gestart, koum awer net an eng Äerdëmlafbunn.

Den 28. Mee 2002 ass den Ofeq 5, en Opklärungssatellit mat enger Shavit-Rakéit vu Palmachim gestart. Den Ofeq 5 war 5300 Kilogramm schwéier an huet d'Äerd op enger 143,5 Grad schréier Bunn mat engem Perigeum vun 262 Kilometer an engem Apogeum vu 774 Kilometer ëmkreest. Säi Perigeum gouf am Laf vun der Missioun op 369 Kilometer ugehuewen an den Apogeum op 771 Kilometer erofgesat.

De 6. September 2004 war de Start vum Opklärungssatellit Ofeq 6 feelgeschloen.

Den Ofeq 7 gouf den 10. Juni 2007 mat enger Shavit-2-Rakéit vu Palmachim aus gestart. Hien hat e Gewiicht vun 300 kg an huet aus 600 Kilometer Héicht Biller mat enger Opléisung vu 0,7 m vun der Äerd gemaach.

Den Ofeq 8 gouf den 21. Januar 2008 mat enger indescher PSLV gestart.

Den Ofeq 9 gouf den 22. Juni 2010 gestart. De Perigeum vun der Ëmlafbunn ass ongeféier 320 Kilometer an den Apogeum 580 Kilometer bei enger Schréi vun 141,8°. Den 300 kg schwéieren an 2,1 m héije Satellit soll optesch Opklärung am Beräich tëscht 40° Nord a 40° Süd bedreiwen a liwwert aus 500 km Héicht Biller mat enger Opléisung vun op d'mannst 70 cm.[1]

Den Ofeq 10 gouf den 9. Abrëll 2014 gestart. Et handelt sech ëm e Radarsatellit.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. FliegerRevue August 2010, S. 9, Israel start Opklärungssatellit