Atlantis (Raumfär)

Vu Wikipedia
Atlantis-Fändel
Kuerz nom Start vun Atlantis (STS-27)
Landung vun der Atlantis mat Bremsschierm.
D'Raumfär Atlantis an der Ausstellung vum Kennedy Space Center Visitor Complex

D'Raumfär Atlantis ass e Space Shuttle vun der NASA. Si gouf nom éischten amerikaneschen ozeanografesche Fuerschungsschëff Atlantis genannt. Am Abrëll 1984 war se fäerdeg fir den Asaz an hat hiren éischte Fluch am Oktober 1985 (STS-51-J). Déi intern Bezeechnung vum Orbiter heescht OV-104. Hir lescht Missioun goung den 21. Juli 2011 op en Enn.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Vun 1995 bis 1997 gouf d'Atlantis nëmme fir d'Flich op d'russesch Raumstatioun Mir am Kader vum Shuttle-Mir-Programm agesat, woufir si mat engem Kopplungsadapter vu russescher Bauaart ausstafféiert gouf.

Den 8. Juli 2011 war hiren 33. a leschte Start. Si huet Proviant, Material an Technik fir Experimenter op d'ISS transportéiert an huet de Logistikmodul Raffaello zeréck op d'Äerd bruecht. Den 21. Juli 2011 pünktlech um 11.57 MESZ huet si sécher op der Landebunn 15 vum Kennedy Space Center a Florida opgesat.[1] Hir Landung war d'Enn vun der Ära "Shuttleflich". De Programm huet zum Schluss ronn 775 Milliounen Dollar pro Missioun kascht.[2]

Nom Enn vum amerikanesche Shuttle-Programm gouf d'Raumfär als Museumsstéck am Besuchszentrum vum Kennedy Space Center a Florida ausgestallt.

Am Ganze war d'Atlantis an hire 25 Déngschtjoer méi wéi 193 Millioune Kilometer geflunn.

Konstruktioun[änneren | Quelltext änneren]

D'Atlantis hat vun den Erfarunge profitéiert, déi beim Bau an Teste vun der Enterprise, Columbia a Challenger gemaach goufen. Wéi se fäerdeg war huet se ronn 3.200 Kilogramm manner wéi d'Columbia gewiën. Och beim Bau vum Shuttle goufen d'Aarbechtsstonnen ëm 49,5 Prozent gekierzt (am Verglach zu Columbia). Dat ass virun allem op de Gebrauch vun Hëtzschëld-Decken um ieweschten Deel vum Orbiter amplaz vu klenge Kachelen zeréckzeféieren.

Wärend der Konstruktioun vun der Discovery an der Atlantis hat sech d'NASA dozou entschloss, "strukturell Ersatzdeeler" fabrizéieren ze loossen, fir d'Reparatur am Fall vun engem Onfall z'erliichteren. De Kontrakt hat am Ganzen e Wäert vun 389 Milliounen Dollar a bestoung aus Ersatzdeeler fir den hënneschten an de mëttlere Kierper, souwéi viischt Kierperdeeler, vertikal Rudderen, Flilleken a Klappen. D'Ersatzdeeler goufe spéider fir d'Endeavour benotzt.

Tëscht November 1997 a Juli 1999 goufen zu Palmdale a Kalifornien, vill Verbesserungen an Upassungen un der Atlantis gemaach. Ënner anerem gouf den Orbiter mat engem Bremsschierm an engem gliesene Cockpit ëmgeännert, et goufen och nei Réier a Verkabelungen installéiert an iwwer 800 Hëtzschutzkachelen an -decken ersat.

Missiounen[änneren | Quelltext änneren]

Nr. Start Bezeechnung Logo Crew
1 3. Oktober 1985 STS-51-J Logo vun STS-51-J Karol Bobko, Ronald Grabe, David Hilmers, Robert Stewart, William Pailes
2 27. November 1985 STS-61-B Logo vun STS-61-B Brewster Shaw, Bryan O'Connor, Mary Cleave, Sherwood Spring, Jerry Ross, Rodolfo Neri Vela, Charles Walker
3 2. Dezember 1988 STS-27 Logo vun STS-27 Robert Gibson, Guy Gardner, Richard Mullane, Jerry Ross, William Shepherd
4 4. Mee 1989 STS-30 Logo vun STS-30 David Walker, Ronald Grabe, Norman Thagard, Mary Cleave, Mark Lee
5 18. Oktober 1989 STS-34 Logo vun STS-34 Donald Williams, Michael McCulley, Franklin Chang-Diaz, Shannon Lucid, Ellen Baker
6 28. Februar 1990 STS-36 Logo vun STS-36 John Creighton, John Casper, Richard Mullane, David Hilmers, Pierre Thuot
7 15. November 1990 STS-38 Logo vun STS-38 Richard Covey, Frank Culbertson, Robert Springer, Carl Meade, Charles Gemar
8 5. Abrëll 1991 STS-37 Logo vun STS-37 Steven Nagel, Kenneth Cameron, Jerry Ross, Jerome Apt, Linda Godwin
9 2. August 1991 STS-43 Logo vun STS-43 John Blaha, Michael Baker, Shannon Lucid, James Adamson, David Low
10 24. November 1991 STS-44 Logo vun STS-44 Frederick Gregory, Terence Henricks, Story Musgrave, Mario Runco, James Voss, Thomas Hennen
11 24. Mäerz 1992 STS-45 Logo vun STS-45 Charles Bolden, Brian Duffy, Kathryn Sullivan, David Leestma, Michael Foale, Byron Lichtenberg, Dirk Frimout
12 31. Juli 1992 STS-46 Logo vun STS-46 Loren Shriver, Andrew Allen, Claude Nicollier, Jeffrey Hoffman, Franklin Chang-Diaz, Marsha Ivins, Franco Malerba
13 3. November 1994 STS-66 Logo vun STS-66 Donald McMonagle, Curtis Brown, Ellen Ochoa, Scott Parazynski, Joseph Tanner, Jean-François Clervoy
14 27. Juni 1995 STS-71 Logo vun STS-71 Robert Gibson, Charles Precourt, Ellen Baker, Bonnie Dunbar, Gregory Harbaugh
15 12. November 1995 STS-74 Logo vun STS-74 Kenneth Cameron, James Halsell, Jerry Ross, William S. McArthur, Chris Hadfield
16 22. Mäerz 1996 STS-76 Logo vun STS-76 Kevin Chilton, Richard Searfoss, Ronald Sega, Michael Clifford, Linda Godwin
17 16. September 1996 STS-79 Logo vun STS-79 William Readdy, Terrence Wilcutt, Thomas Akers, Jerome Apt, Carl Walz
18 12. Januar 1997 STS-81 Logo vun STS-81 Michael Baker, Brent Jett, John Grunsfeld, Marsha Ivins, Peter Wisoff
19 15. Mee 1997 STS-84 Logo vun STS-84 Charles Precourt, Eileen Collins, Carlos Noriega, Edward Lu, Jean-François Clervoy, Jelena Kondakowa
20 26. September 1997 STS-86 Logo vun STS-86 James Wetherbee, Michael Bloomfield, Wladimir Titow, Scott Parazynski, Jean-Loup Chrétien, Wendy Lawrence
21 19. Mee 2000 STS-101 Logo vun STS-101 James Halsell, Scott Horowitz, Jeffrey Williams, Susan Helms, James Voss, Mary Weber, Juri Ussatschow
22 8. September 2000 STS-106 Logo vun STS-106 Terence Wilcutt, Scott Altman, Daniel Burbank, Edward Lu, Juri Malentschenko, Richard Mastracchio, Boris Morukow
23 7. Februar 2001 STS-98 Logo vun STS-98 Kenneth Cockrell, Mark Polansky, Robert Curbeam, Marsha Ivins, Thomas Jones
24 12. Juli 2001 STS-104 Logo vun STS-104 Steven Lindsey, Charles Hobaugh, Michael Gernhardt, James Reilly, Janet Kavandi
25 8. Abrëll 2002 STS-110 Logo vun STS-110 Michael Bloomfield, Stephen Frick, Jerry Ross, Steven Smith, Ellen Ochoa, Lee Morin, Rex Walheim
26 7. Oktober 2002 STS-112 Logo vun STS-112 Jeffrey Ashby, Pamela Melroy, Fjodor Jurtschichin, Sandra Magnus, Piers Sellers, David Wolf
27 9. September 2006 STS-115 Logo vun STS-115 Brent Jett, Christopher Ferguson, Steven MacLean, Daniel Burbank, Joseph Tanner, Heidemarie Stefanyshyn-Piper
28 8. Juni 2007 STS-117 Logo vun STS-117 Frederick Sturckow, Lee Archambault, James Reilly, John Olivas, Patrick Forrester, Steven Swanson
29 7. Februar 2008 STS-122 Logo vun STS-122 Stephen Frick, Alan Poindexter, Stanley Love, Rex Walheim, Leland Melvin, Hans Schlegel
30 11. Mee 2009 STS-125 Logo vun STS-125 Scott Altman, Gregory C. Johnson, John Grunsfeld, Michael Massimino, Andrew Feustel, Michael Good, Megan McArthur
31 16. November 2009 STS-129 Logo vun STS-129 Charlie Hobaugh, Barry Wilmore, Robert Satcher, Michael Foreman, Randolph Bresnik, Leland Melvin
32 14. Mee 2010 STS-132 Logo vun STS-132 Kenneth Ham, Tony Antonelli, Michael Good, Piers Sellers, Stephen Bowen, Garrett Reisman
33 8. Juli 2011 STS-135 Logo vun STS-135 Christopher Ferguson, Douglas Hurley, Sandra Magnus, Rex Walheim

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Space Shuttle Atlantis – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Telepolis: E Stéck Äddi vun der staatlecher Raumfaart 9. Juli 2011, Gekuckt den 10. Juli 2011
  2. spiegel.de 8. Juli 2011