Plessezk

Vu Wikipedia
Start vun enger Zyklon-3-Rakéit zu Plessezk (15. August 1991).

Plessezk (och Plesezk, Plesetsk) ass eng Rakéitestartplaz südlech vun Archangelsk. Plessezk gouf 1966 a Betrib geholl an déngt haaptsächlech dem Start vu militäresche Satellitten, wéi Opklärungssatellitten. Donieft gi vu Plessezk och zivil Satellitten a polar Orbiter gestart. Bemannt Rakéitestarte goufe vu Plessezk aus net gemaach. Vu Plessezk goufen déi meescht russesch Satellitte gestart. Am Ament entsteet do och eng Startramp fir déi nei Angara-Rakéit.

Am Kader vum Kosmodrombau entstoung déi zoue Stad Mirny, als Wunnuertschaft fir dat militäresch an zivilt Personal. D'Uertschaft Plessezk déi der Startplaz den Numm ginn huet, läit wéi Mirny südlech vum Kosmodrom.

An de Joren 2013 / 2014 sollen déi béid europäesch ESA-Satellitte Sentinel-2A a Sentinel-3A am Kader vum Äerdobservatiounsprogramm GMES mat Rockot-Drorakéite vu Plessezk aus gestart ginn.

Accidenter[änneren | Quelltext änneren]

  • De 26. Juni 1973 koume bei der Explosioun vun enger startfäerdeger Kosmos-3M-Rakéit néng Persounen ëm d'Liewen.
  • Den 18. Mäerz 1980 si bei der Explosioun vun enger Wostok-2M-Rakéit 48 Mënsche gestuerwen.
  • De 15. Oktober 2002 war eng Sojus-U-Rakéit Sekonnen nom Start explodéiert. An engem Nopeschgebai koum een Zaldot duerch d'Drockwell ëm d'Liewen.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Plessezk Kosmodrom – Biller, Videoen oder Audiodateien