Halo (Astronomie)

Vu Wikipedia

Den Halo (vum Griicheschen hálos »Liichthaff«) vun enger Galaxis ass ee bal kugelfërmege Beräich, dee méi grouss ass wéi d'Galaxis selwer. D'Galaxis ass am Zentrum vum Halo agebett.

Am Halo steet ee Kugelstärekéip an e puer, meeschtens al Eenzelstären. Déi Stären ëmkreesen den Zentrum vun der Galaxis baussenzeg vun hirer Rotatiounsachs, meeschtens op exzentreschen Ëmlafbunnen. Am Halo fënnt een ausserdeem interstellar Gaswolleken an Donkel Matière, déi Gravitatioun produzéiert, vun deenen awer d'Zesummesetzung nach net bekannt ass.

Der Mëllechstrooss hiren Halo ass 165.000 Liichtjoer breet.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Heather Morrison: Formation of the galactic halo. Astronomical Soc. of the Pacific, San Francisco 1996, ISBN 1-886733-13-9
  • Philip A. Davis, Saul J. Adelman: Hot stars in the galactic halo. Cambridge Univ. Press, Cambridge 1994, ISBN 0-521-46087-5

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

(de) Galakteschen Halo

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie