Jean-Philippe de Chéseaux

Vu Wikipedia
Jean-Philippe de Chéseaux
Gebuer 4. Mee 1718
Lausanne
Gestuerwen 30. November 1751
Paräis
Nationalitéit Schwäiz
Aktivitéit Astronom

De Jean-Philippe Loys de Chéseaux, gebuer de 4. Mee 1718 zu Lausanne a gestuerwen den 30. November 1751 zu Paräis war e Schwäizer Astronom.

Bekannt gouf de Chéseaux duerch seng Entdeckung vum Grousse Koméit vu 1744, den 13. Dezember 1743. Well him awer den Dirk Klinkenberg ëm e puer Deeg ze virkomm war (den 9. Dezember 1743), gouf de Koméit du Koméit Klinkenberg genannt.

Am Joer 1746 huet hien eng Lëscht vun 21 Niwwele verfaasst, déi hien op d'Académie des sciences zu Paräis geschéckt huet, wou si zwar virgelies, awer net publizéiert goufen. De Guillaume Le Gentil notéiert dat fir sech privat am Joer 1759. Eréischt 1892 gouf d'Lëscht vum Guillaume Bigourdan publizéiert.

Onofhängeg vum Heinrich Wilhelm Olbers gouf scho vum Chéseaux de Paradoxon vum Olbers beschriwwen, eng Erklärung, firwat den Himmel nuets donkel ass.

Entdeckte Stärekéip
Messiernummer Entdeckungsjoer
M71 1745 oder 1746
M25 1745
M4 1746
M16 1746
M17 1746
M35 1746

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]