Op den Inhalt sprangen

Guillaume Bigourdan

Vu Wikipedia
Guillaume Bigourdan
Gebuer 6. Abrëll 1851
Sistels
Gestuerwen 28. Februar 1932
Paräis
Nationalitéit Frankräich
Aktivitéit Astronom
Member vun Académie des sciences

De Guillaume Bigourdan, gebuer de 6. Abrëll 1851 zu Sistels, Frankräich, a gestuerwen den 28. Februar 1932 zu Paräis, war e franséischen Astronom a President vun der Académie des sciences zu Paräis.

De Guillaume Bigourdan ass als den eelste vun dräi Kanner vum Pierre Bigourdan an der Jeanne Carrère an einfache Verhältnesser vun engem Bauerenhaus opgewuess. Nodeem säi Schoulmeeschter an den Duerfpaschtouer op seng héich Intelligenz opmierksam goufen, hu seng Elteren him et trotz materieller Nout erméiglecht an eng Privatschoul zu Valence d'Agen ze goen, wou hien am Joer 1870 mat der Première ofgeschloss huet. Am Verlaf vun engem weidere Studium krut hien am Joer 1874 eng Lizenz (haut Bachelor) fir Physik, zwee Joer méi spéit och fir Mathematik.

Am Joer 1877 huet de Félix Tisserand, (säi fréiere Schoulmeeschter an deemolegen Direkter vum Observatoire Toulouse, hien zum Assistent ernannt. 1879 ass hie mam Tisserand, deen an der Tëschenzäit Direkter vum Paräisser Observatoire gi war, an déi franséisch Haaptstad gaangen. Am Kader vun senger Aarbecht reest hien 1882 op d'Antilleninsel Martinique, fir de Venustransit z'observéieren an am Joer duerno op Sankt Petersburg. Hie promovéiert am Joer 1886

Hie gouf 1897 Titularastronom vum Paräisser Observatoire an 1920 éischten Direkter vum kuerz virdru gegrënnte Bureau international de l'heure. Seng Pensioun krut hien am Joer 1926.

De Guillaume Bigourdan ass den 28. Februar 1932 am Alter vun 80 Joer zu Paräis gestuerwen.

Hie war mat der Sophie Mouchez, enger Duechter vum Admirol Mouchez, Direkter vum Observatoire vu Paräis bestuet. Déi béid haten néng Kanner.

De Bigourdan hat zwanzeg Joer domat verbruecht, d'Positioune vu 6.380 Niwwelen z'iwwerpréiwen an ze beschreiwen. Hien hat ongeféier 500 nei Objeten entdeckt. Seng am Joer 1911 a fënnef Bänn publizéiert Fuerschungsresultater haten him international Unerkennung bruecht. Ausserdeem hat hien eng Method beschriwwen, fir de Justage vun equatorialen Teleskopmontéierungen ze verbesseren. Déi Method ass als „Methode Bigourdan“ bekannt.

Publikatiounen

[änneren | Quelltext änneren]
  • 1892: "Observations de 1884. Observations de Nébuleuses et d'amas stellaires" Annales de l'Observatoire de Paris.
  • 1905: "Les éclipses de soleil: instructions sommaires sur les observations que l'on peut faire pendant ces éclipses, et particulièrement pendant l'éclipse totale du 30 août 1905", 1905, Paris, Gauthier Villars
  • 1917: "Observations de 1907. Observations de Nébuleuses et d'amas stellaires" Annales de l'Observatoire de Paris.

Auszeechnungen

[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie