Bureau international de l'heure
Ausgesinn
De Bureau international de l'heure (BIH) am Paräisser Observatoire war als international Plaz verantwortlech, fir déi verschidde Miessunge vun der Universeller Zäit ze vergläichen.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]D'Grënnung gouf 1912 un der Conférence internationale de l'heure radiotélégraphique beschloss.
1987 gouf de Verglach vu Miessunge vun der Universeller Zäit vum Internationale Büro fir Moossen a Gewiichter iwwerholl, an d'Aufgabe vum BIH am Beräich vun der Zäitkorrektur dem Internationalen Déngscht fir Äerdrotatioun a Referenzsystemer iwwerdroen.
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- B. Guinot: History of the Bureau International de l'Heure. In: Steven Dick, Dennis McCarthy, Brian Luzum (Hrsg.): Polar Motion: Historical and Scientific Problems, p. 175–184. San Francisco: Astronomical Society of the Pacific, 2000. ISBN 978-1-58381-039-2.