Kleng Antillen

Vu Wikipedia
Kleng Antillen
Geographie
Land Antigua a Barbuda, Barbados, Venezuela, Dominica, Grenada, Holland, Saint Kitts an Nevis, Saint Lucia, Saint Vincent an d'Grenadinnen, Trinidad an Tobago, Frankräich, Anguilla, Brittesch Joffereninselen, Amerikanesch Joffereninselen, Montserrat, Puerto Rico
Läit an/am Atlanteschen Ozean
Koordinaten 14°N, 61°W
Fläch 14.364 km²
Verwaltung
Demographie
Aner Informatiounen

D'Kleng Antillen (op Englesch Lesser Antilles) sinn eng Inselketten an der ëstlecher Karibik, déi sech vun de Joffereninselen am Norde bis virun d'Küst vu Venezuela am Süden erstreckt. Zesumme mat de Bahamas, den Turks- a Caicosinselen an de Groussen Antille bilden se déi Westindesch Inselen.

Mat Bezuch op den Nordost-Passatwand, deen an där Géigend bléist, ginn d'Kleng Antillen nach an d'Inselen ënner resp. iwwer dem Wand ënnerdeelt, woubäi Trinidad an Tobago zu kenge vu béiden Ënnerdeelunge gezielt gëtt.

Andeelung vun de Klengen Antillen[änneren | Quelltext änneren]

Inselen iwwer dem Wand[änneren | Quelltext änneren]

Nërdlechen Deel[änneren | Quelltext änneren]

Zu den nërdleche Klengen Antillen, déi am englesche Sproochgebrauch als Leeward Islands bezeechent ginn, zielen ë. a. d'Joffereninselen, Sint Maarten - Saint-Martin, Barbuda, Saint Kitts an Nevis, Antigua, Montserrat, Guadeloupe an Dominica[1].

Südlechen Deel[änneren | Quelltext änneren]

Déi südlech Partie, am Englesche Windward Islands, begräift ë. a. Martinique, Santa Lucia, Barbados, St. Vincent a Grenada.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Inselen iwwer dem Wand (Antillen).

D'Inselen Trinidad an Tobago gehéieren zu de Klengen Antillen, awer net zu den Inselen iwwer dem Wand, wéi dat vereenzelt fälschlecherweis gemengt gëtt.

Inselen ënner dem Wand[änneren | Quelltext änneren]

Am Englesche ginn d'Inselen ënner dem Wand Leeward Antilles genannt. Zu deenen zielen ë. a. Aruba, Bonaire, Curaçao an d'Isla Margarita.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Inselen ënner dem Wand (Antillen).

Ofwäichungen am Sproochgebrauch[änneren | Quelltext änneren]

Bei dëser Zouuerdnung vun den Archipelle vun de Klengen Antille gëtt et Ofwäichungen am Sproochgebrauch vu verschiddene Länner. Den Ënnerscheed besteet haaptsächlech tëscht dem Engleschen an anere westleche Sproochen (Franséisch, Hollännesch, Spuenesch, …). Den Duerchernee kënnt absënns duerch de Suffix deen am Englesche gebraucht gëtt:

  • Islands: geopolitesch, historesch oder kulturell Bezeechnung fir déi Inselen, déi éischter op enger Nord-Süd-Achs leien, opzedeelen an engersäits déi, déi ënnert fréierer brittescher Herrschaft stoungen, géintiwwer deenen, déi ënnert franséischer, spuenescher a méi spéit och hollännescher Herrschaft stoungen. Dozou zielt awer keng vun den Inselen, déi no bei der südamerikanescher Küst leien;
  • Antilles: geographesch oder geomorphologesch Bezeechnung, déi méi aktuell a méi komplett ass, fir d'Deeler vun de Klengen Antillen éischter op enger südwestlech-ëstlech-orientéierter Achs ze definéieren.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Kleng Antillen – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. ë. a. am englesche Sproochgebrauch gëtt Dominica zu de Windward Islands, also de südlechen Inselen iwwer dem Wand gerechent