Bonaire

Vu Wikipedia
Bonaire
Geographie
Kontinent Nord- a Mëttelamerika
Land Holland
Gehéiert zu ABC-Inselen, Kleng Antillen, Inselen ënner dem Wand, Hollännesch Antillen, Karibescht Holland, Karibik
Koordinaten 12°10'46,6"N, 68°15'29,2"W
Fläch 288 km²
Verwaltung
Verwaltungseenheet Holland, Holland
Haaptuert Kralendijk
Demographie
Awunner 24.090
Awunnerdatum 1. Januar 2023
Aner Informatiounen
Zäitzon Atlantic Standard Time Zone, UTC−4
Wärung US-Dollar, Hollänesch Gulden
Nationalhymn Tera di Solo y suave biento
Internat. Telefonsprefix +5997
Fändel vu Bonaire

D'Insel Bonaire ass e geographeschen Deel vun de Klengen Antillen. Politesch gehéiert d'Insel zu Holland an huet de Status vun enger besonnescher Gemeng. Si ass déi zweetgréisst vun den ABC-Inselen (Aruba, Bonaire, Curaçao) an déi gréisst vum Karibeschen Holland, dat och als BES-Inselen (Bonaire, St Eustatius, Saba) bezeechent gëtt.

Bis 2010 huet d'Insel politesch zu den hollänneschen Antille gehéiert.

D'Insel huet eng Fläch vun 288 km² mat ronn 24.000 Awunner. D'Haaptstad vun der Insel ass Kralendijk. Déi eelst Siidlung op Bonaire ass Rincon. Touristesch attraktiv ass d'Daucherparadäis Bonaire duerch d'Ënnerwaasserwelt.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Bonaire – Biller, Videoen oder Audiodateien