Inselen ënner dem Wand (Antillen)

Vu Wikipedia
Inselen ënner dem Wand
Südlechen Deel vun de Klengen Antillen
(Leeward Antilles)

Inselen ënner dem Wand
Geographie
Land Holland, Venezuela
Läit an/am Karibesche Mier
Koordinaten: 14° 13’ 59’’ N 61° 21’ 0’’ W
Fläch 2.000 km²
Verwaltung
Demographie

D'Inselen ënner dem Wand sinn de südlechen Deel vun de Klengen Antillen a leie am Karibesche Mier, virun der Nordküst vu Südamerika. An der englescher Sprooch ginn d'Inselen ënner dem Wand als Leeward Antilles bezeechent, am Géigesaz zu de Leeward Islands a Windward Islands, den zwéin Deeler vun den Inselen iwwer dem Wand.

D'Insele Margarita, Cubagua a Coche bilden de venezuelanesche Staat Nueva Esparta. Déi sougenannt ABC-Inselen (Aruba, Bonaire a Curaçao) gehéieren zu Holland. Déi aner Inselen an Inselgruppe gehéieren zu de ronn 600 Insele vun de Federalen Dependancë vu Venezuela ((es) Dependencias federales).

Anescht wéi d'Inselen iwwer dem Wand, leien d'Inselen ënner dem Wand net am Afloss vum Nordost-Passat an hunn dowéinst e vill méi dréchent Klima.

Déi meescht Awunner liewen op Aruba, Curaçao a Margarita.

Ursprong vum Numm[änneren | Quelltext änneren]

D'Bezeechnung „ënner dem Wand“ gëtt an der Séimannssprooch gebraucht fir unzeginn, datt en Objet (an dësem Fall d'Insel) op der entgéintgesater Säit läit, aus där de Wand bléist, d. h. vrum Wand geschützt ass. D'Inselen ënner dem Wand leien deemno net am direkten Afloss vum Nordost-Passatwand deen an där Géigend bléist.

Am Däitsche schwätzt ee vun unter dem Wind oder leewärts, leeward am Engleschen a sous le vent am Franséischen.

Lëscht vun den Inselen ënner dem Wand[änneren | Quelltext änneren]

Leeward Antilles [1][änneren | Quelltext änneren]

Kaart Insel (Vu Westen no Osten) Koordinaten Fläch (km²) Awunner
Archipel Los Monjes 12° 26’ 0’’ N 70° 53’ 0’’ W 0,20 ---
Aruba 12° 30’ 40’’ N 69° 58’ 27’’ W 179 106.739
Curaçao 12° 11’ 47’’ N 69° 0’ 43.2’’ W 444 152.849
Bonaire 12° 10’ 46.6’’ N 68° 15’ 29.2’’ W 288 24.090
Archipel Las Aves 11° 58’ 0’’ N 67° 33’ 0’’ W
Archipel Los Roques 11° 51’ 27’’ N 66° 45’ 27’’ W 40,61 1.471
La Orchila 11° 48’ 16.2’’ N 66° 08’ 20.8’’ W 46
La Tortuga 10° 55’ 54’’ N 65° 18’ 29’’ W 156,6
Blanquilla 11° 51’ 12’’ N 64° 35’ 55’’ W 64,53
Archipel Los Hermanos 11° 46’ 31.08’’ N 64° 24’ 17.6’’ W 2,12
Margarita 10° 59’ 13’’ N 63° 56’ 08’’ W 1.020 491.610
Cubagua 10° 48’ 42’’ N 64° 11’ 35’’ W 22,438 51
Coche 10° 46’ 38’’ N 63° 55’ 52’’ W 61 8.242
Archipel Los Frailes 8° 22’ 28.9’’ N 62° 41’ 16.4’’ W 1,92 ---
La Sola 11° 18’ 39’’ N 63° 34’ 13’’ W 0,0005
Archipel Los Testigos 11° 22’ 47.6’’ N 67° 07’ 19.6’’ W 6,5 172

Billergalerie[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Inselen ënner dem Wand (Antillen) – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. net ze verwiesselen mat de Leeward Islands, der englescher Bezeechnung fir den nërdlechen Deel vun den Inselen iwwer dem Wand