Los Frailes

Vu Wikipedia
Los Frailes
Archipiélago Los Frailes
Vue op Los Frailes
Geographie
Land Venezuela
Läit an/am Atlanteschen Ozean, Karibescht Mier
Koordinaten 8°22'28,9"N, 62°41'16,4"W
Fläch 1,92 km²
Héchste Punkt ouni Numm (120 m)
Verwaltung
Verwaltungseenheet Dependencias Federales
Demographie
Awunner 0
Aner Informatiounen


Los Frailes (Spuenesch: Archipiélago Los Frailes, iwwersat Inselgrupp "D'Mënchen") ass eng Grupp vu klengen Inselen am Karibesche Mier. Se leien ongeféier 20 km nordëstlech vu Margarita. D'Insele gehéiere geographesch zu den Inselen ënner dem Wand an administrativ zu de federalen Dependancë vu Venezuela.

Den onbewunnten Archipel besteet aus zéng klengen Inselen déi zesummen eng Landfläch vun nëmmen 1,92 km² hunn. Déi gréisst Insel Puerto Real, och nach Fraile Grande genannt, ass 2,2 km laang an huet eng Fläch vun 0,75 km².

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Los Frailes – Biller, Videoen oder Audiodateien