Joffereninselen
Ausgesinn
| Joffereninselen | |
|---|---|
|
| |
| Geographie | |
| Land | Vereenegt Staate vun Amerika, Vereenegt Kinnekräich |
| Läit an/am | Karibescht Mier |
| Gehéiert zu | Inselen ënner dem Wand |
| Koordinaten | 18°12'N, 64°48'W |
| Fläch | 650 km² |
| Verwaltung | |
| Demographie | |
| Aner Informatiounen | |
|
| |
D'Joffereninselen sinn en Archipel vun den Antillen am Karibesche Mier, déi tëscht Anguilla am Osten a Puerto Rico am Weste leien. Et sinn déi ëstlechst Insele vun de Groussen Antillen. Den Anegada-Passage trennt s'am Oste vun de Klengen Antillen. Wéinst hirer direkter Noperschaft mat de Klengen Antillen, gi se heiansdo bei déi derbäigezielt.
Se sinn an dräi verschidde politesch Entitéite ënnerdeelt :
- d'Brittesch Joffereninselen, am Osten an am Norden, sinn e brittescht Iwwerséigebitt ;
- d'Amerikanesch Joffereninselen, am Süden, sinn e Baussegebitt vun den USA, dat net incorporéiert ass;
- d'Spuenesch Joffereninselen, am Westen, déi en Deel vum US-Baussegebitt Puerto Rico sinn an dowéinst och alt emol Puerto-ricanesch Joffereninsele genannt ginn.
- d'Joffereninselen
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Joffereninselen – Biller, Videoen oder Audiodateien |
