Kugelstärekoup

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Kugelstärekéip)
De Kugelstärekoup M80 am Stärebild Scorpius ass ronn 28.000 Liichtjoer vun eiser Sonn ewech. Do gëtt et honnertdausend Stären.

E Kugelstärekoup ass eng kugelfërmeg Usammlung vu Stären, déi de galakteschen Zentrum als Satellit ëmkreest. D'Stären am Koup si gravitativ staark gebonnen, wat seng Kugelform an eng relativ héich Stärendicht a sengem Zentrum mat sech bréngt. Kugelstärekéip, déi een am Halo vun enger Galaxie fënnt, enthale méi Stären, a si méi al wéi déi oppe Stärekéip, an der Galaxiëscheif.

Kugelstärekéip sinn zimmlech heefeg. Et goufe schonn iwwer 150 Kugelstärekéip an der Mëllechstrooss fonnt, an et gëtt geschat, datt der nach 10 bis 20 net enteckt goufen.

Grouss Galaxië kënnen der méi hunn. Sou huet beispillsweis d'Andromedagalaxie der ronn 500. An e puer gigantesch elliptesche Galaxien, wéi de Messier 87, kënnen der 10.000 sinn. Déi Kugelstärekéip ëmkreesen d'Galaxie op enger Distanz vu 40 kiloparsec, ronn 131.000 Liichtjoer, oder méi.

An all Galaxie vun der Lokaler Grupp, déi genuch Mass huet, si Kugelstärekéip. An all gréisser Galaxie, déi bis elo gesi gouf, gëtt et e System vu Kugelstärekéip

D'Stäre vu sou Kéip, déi sougenannt extreem Populatioun-II-Stären, sinn all ongeféier gläich al a weise keng Spektrallinne vu schwéieren Elementer. Aus Miessunge vum Spektrum gëtt hiren Alter ofgeleet, well sech déi schwéier Elementer eréischt am Alter vu Joermilliarden entwéckelen.

Obwuel d'Stären an de Kugelstärekéip zu den éischte gehéieren, déi an de Galaxien entstinn, sinn hir Urspréng an hir Roll an der galaktescher Evolutioun nach ëmmer onkloer. An der Tëschenzäit gëtt ugeholl, datt sech Kugelstärekéip signifikant vun ellipteschen Zwerggalaxien ënnerscheeden a sech éischter als Deel vun enger Galaxie gebilt hunn, amplaz als eenzel separat Galaxie.

A verschiddenen elliptesche Galaxië kënnen och ganz jonk Kugelstärekéip gesi ginn. Vun deene Galaxië gëtt ugeholl, datt si aus der Verschmëlzung vun zwou oder méi Urspronksgalaxien entstane sinn. Kollisioune léisen eng Well vu Stäregebuerten aus, bei deene sech no neisten Erkenntnesser och erëm Kugelstärekéip bilde kënnen, soudatt verschidde Generatioune vu Kugelstärekéip an enger Galaxie ze fanne sinn.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]


Commons: Globular clusters – Biller, Videoen oder Audiodateien