Nunki (Stär)

Vu Wikipedia

Den Nunki (och Sadira Pelagus) ass de Stär σ Sagittarii (Sigma Sagittarii), den zweethellste Stär am Sagittarius. visuell Magnitude +2,1 mag, Spektraltyp: B3, Distanz: zirka 224 Liichtjoere

Den Nunki kann als ekliptiknoe Stär vum Äerdmound a (ganz rar) vu Planéite bedeckt ginn. Déi lescht Bedeckung vum Nunki duerch e Planéit war de 17. November 1981 duerch d'Venus.

Nunki ass den Numm vun engem sumeresche Gott (babylonesch Enki) an den Numm vun enger mythescher sumerescher Stad.

Den Nunki ass och den hellste Fixstär, dee vun engem baussenzege Planéit bedeckt ka ginn, an zwar vum Mars. Allerdéngs ass dat eng extreem Raritéit, déi fir d'lescht den 3. September 423 agetraff war.

Wéinst der Positioun vun de Bunnkniet kënnen am Zäitraum vu 5000 v. Chr. bis 5000 n. Chr. déi baussenzeg Planéite keen ekliptiknoe Stär vun der 1. Gréisst wéi de Regulus bedecken.

Koordinaten (Equinoxe 2000.0)

Kuckt och[Quelltext änneren]

Portal Astronomie