Zuben-el-dschenubi (Stär)

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Zuben-el-dschenubi)

Den Zuben-el-dschenubi ass de Stär α Librae am Stärebild Libra. Den Zuben-el-dschenubi ass e wäisse Stär vun der Spektralklass A3 a läit op enger Distanz vun 72 Liichtjoer zu eiser Äerd. Hien huet eng visuell Magnitude vu +2,8 mag an eng absolut Hellegkeet vun 1,1 mag. Den Zuben-el-dschenubi huet och e Begleetstär mat der Hellegkeet vu +5,2 mag. De Spektraltyp vum Begleetstär ass F4. Och hie läit 72 Liichtjoer vun eis ewech an hien huet eng absolut Hellegkeet vu +3,5 mag.

Den Zuben-el-dschenubi kann als ekliptiknoe Stär vum Äerdmound an (ganz rar!) vu Planéiten bedeckt ginn. Déi lescht Bedeckung duerch e Planéit war de 25. Oktober 1947 duerch d'Venus.

Koordinaten vum Haaptstär (Equinoxe J2000.0)

Koordinate vum Begleeder (Equinoxe J2000.0)

De Positiounswénkel vum Begleetstär ass 314 Grad.