NGC 604

Vu Wikipedia
H-II-Gebitt NGC 604
NGC 604, opgeholl mat der Kamera WFPC 2 vum Hubble-Weltraumteleskop.
Stärebild Triangulum (Tri)
Positioun fir d'Equinoxe J2000.0
Rektaszensioun 1h 34m 33s
Deklinatioun + 30°47' 0”
Ausgesinn
Wénkelduerchmiesser 1,2' × 1,9'
Physikalesch Donnéeën
Distanz (Lj) 3 Mio Lj /
ca. 900 kpc
Absolutten Duerchmiesser 1500
Geschicht
Entdecker Wilhelm Herschel
Entdeckungsdatum 11. September 1784
Katalog- an Entdeckerbezeechnungen
IRAS 01317+3031
NGC 604

Den NGC 604 ass en H-II-Gebitt an der Galaxis Messier 33 am Stärebild Triangulum. Hien huet eng Wénkelgréisst vu ronn 1',9 × 1',2 a gouf den 11. September 1784 vum Wilhelm Herschel entdeckt. Et ass eent vun de gréisste bekannte H-II-Gebidder.

Den NGC 604 läit an engem Spiralarm vun der Galaxis M33, déi och als "Dräiecksniwwel" bekannt ass. Mat enger Distanz vun 2,8 Millioune Liichtjoer ass eis den M33 zimmlech no; si ass e Member vun der Lokaler Grupp, där och eis Mëllechstrooss ugehéiert. Den M33 huet nach weider H-II-Regiounen, wéi z. B. den NGC 595 an den NGC 592.

Den NGC 604 ass eent vun de gréissten Stäregenesisgebidder, déi Astronomen an eise direkten Noperschaftgalaxië fonnt hunn. D'Gebitt huet eng Gréisst vu ronn 1300 Liichtjoer an huet méi wéi 200 jonk a ganz waarm Stären (der héijer Temperatur entspriechend bloelzeg gefierft), déi eréischt an de leschten dräi Millioune Joer entstane sinn.[1] Spektralanalyse soen, datt d'Regioun ongeféier sou vill aktiv, masseräich Wolf-Rayet-Stäre wéi blo Stären huet. Ronn 50 dovun hu sech wärend enger eenzeger Phas vun enger grousser Stäregenesis viru ronn 4 Millioune Joer gebilt.[2]

Den interstellare Medium am NGC 604 huet komplex Blosestrukturen a Filamenter. No haitegem Wësse sinn déi Strukturen engersäits duerch de staarke Stärewand vun de jonken, waarme Stären, anerersäits duerch Supernova-Explosiounen entstanen.[3]

Kompositioun vun e puer Fotoe mat der Kamera WFPC 2 vum Hubble Space Telescope
NGC 604 Foto vun der Kamera WFPC 2 Hubble Space Telescope

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: NGC 604 – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Pressematdeelung vum Space Telescope Science Institute vum 4. Dezember 2003: Firestorm of Star Birth Seen in a Local Galaxy.
  2. S. Dodorico und M. Rosa: Wolf-Rayet stars in the giant H II region NGC 604. In: Astrophysical Journal, Bd. 248, 1981, S. 1015–1020.
  3. Hui Yang et al.: The Violent Interstellar Medium of NGC 604. In: Astronomical Journal Bd. 112, 1996, S. 146.