Duebelstärekoup

Vu Wikipedia
De galakteschen Duebelstärekoup h/χ Persei. Bildausschnëtt zirka 1,5×2°

Als Duebelstärekoup ginn zwéin Oppe Stärekéip bezeechent déi no beienee stinn. Am heefegste gëtt d'Wuert fir déi zwéin hell Stärekéip h an χ Persei aus eiser Galaxis gebraucht, déi scho mat fräiem A als verwäscht Niwwelflecken am Stärebild Perseus z'erkenne sinn.

Si hu jee 0,5° Duerchmiesser an d'Hellegkeet ass vun der fënnefter respektiv der sechster Gréisst. Si si schonn zanter der Antiquitéit bekannt, stinn awer net am Messier-Katalog. Am New General Catalogue hu si d'Nummeren NGC 884 an NGC 869. Béid si vergläichswäis jonk Stäregebuertsgebidder, déi méiglecherweis aus enger kollektiver riseger Moleküllwollek entstane sinn.

Zwéin hell Duebelstärekéip si souguer an eiser Nopeschgalaxis, d'Grouss Magellanesch Wollek. De bekanntsten heescht no sengem Entdecker Hodge 301. Hien entstoung aus enger Gaswollek vum gewaltegen Tarantelniwwel a gëllt als eng vun den aktiivste Regioune fir jéngst Stäregebuerten.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie