Hodge 301

Vu Wikipedia
Riets ënnen am Bildausschnëtt ass de ronn 25 Millioune Joer ale Stärekoup Hodge 301 ze gesinn. Hien hëlt Deeler vum Tarantelniwwel vun der Grousser Magellanescher Wollek op.

Den Hodge 301 ass en Duebelstärekoup an der Grousser Magellanescher Wollek. Hien ass geneesou wéi de Superstärekoup R136 aus Gase vum Tarantelniwwel (30 Doradus, NGC 2070) entstanen. D'Bild weist en Ausschnëtt aus dem Tarantelniwwel, deen an eiser Nopeschgalaxis, der Grousser Magellanescher Wollek läit, an an deem sengem nërdlechen Deel den Hodge 301 ze fannen ass (Bildausschnëtt, riets ënnen). Den Niwwel gëllt als eng vun den aktiivste Regioune fir Stäregebuerten.

De Stärekoup Hodge 301 ass net sou bekannt wéi den R136, e jonke Stärekoup, deen den hellste Beräich am Tarantelniwwel mécht. Den Hodge 301 ass ongeféier zéngmol méi al (zirka 25 Millioune Joer) wéi den R136, well an dësem Stärekoup schonn en ettlech Stäre Supernovae goufen, deenen hir Gasreschter als Schockwellen duerch den Tarantelniwwel zéien.

Déi Schockwellen, déi zu der Expansioun vum Gas féieren, forme gréngelzeg a rosarout Filamenter déi duerch den Tarantelniwwel zéien. Dräi rout Superstären, déi virun hirem Liewensenn stinn, si gutt z'erkennen.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]