Hierschthimmel

Vu Wikipedia
Hierschthimmel iwwer Mëtteleuropa, géint 22h ëm de 15. Oktober erëm.

Hierschthimmel nennt een dee Stärenhimmel, deen een am Hierscht bei klorem Stärenhimmel gesäit. De visuellen Ausschnëtt vum Himmel hänkt of:

  1. vun der geographescher Breet vun der Observatiounsplaz,
  2. vum Observatiouns-Datum
  3. a vun der Lokalzäit.

Den 2. an 3. Afloss wierke géinteneen, dat heescht, e Mount méi spéit, gesäit een de selwechten Himmelsausschnëtt ëm 2 Stonne méi fréi, oder all Dag ëm knapps 4 Minutte méi fréi (Ëmlaf vun der Äerd ëm d'Sonn).

Konstellatiounen a Stärebiller[änneren | Quelltext änneren]

Déi opfällegst Konstellatioun ass dat am Westen ofsteigend grousst Summerdräieck, dat aus 3 Stären 1. Gréisst besteet a ronderëm d'Stärebild vum Schwan verleeft. Seng Eckpunkte sinn d'Vega an der Leier (hellste Stär vum Nordhimmel), Deneb am Schwan an Atair am Aadler.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]