Op den Inhalt sprangen

Smithsonian Astrophysical Observatory

Vu Wikipedia
Smithsonian Astrophysical Observatory
De Smithsonian Astrophysical Observatory
Typ Astronomeschen Observatoire, Forschungsinstitut
Datum vum Bau 1890
Websäit https://www.cfa.harvard.edu/sao
Instrumenter
Geographesch Situatioun
Land Vereenegt Staate vun Amerika
Regioun/Gemeng Cambridge
Koordinaten 42°22'53,26"N, 71°7'42,13"W

D'Smithsonian Astrophysical Observatory (SAO) ass eng astronomesch Fuerschungsariichtung vum Smithsonian Institution zu Cambridge am US-Bundesstaat Massachusetts. Zesumme mat dem Harvard College Observatoire (HCO) bilde se den Harvard-Smithsonian Center for Astrophysics (CfA).

Den SAO gouf 1890 zu Washington D.C. gegrënnt, an am Joer 1955 gouf en op Cambridge verluecht.

Am CfA sinn iwwer 300 Wëssenschaftler op de Gebidder Astronomie, Astrophysik, Geowëssenschaften a Raumfaart beschäftegt.

An den 1960er Jore gouf den SAO-Katalog, e Stärekatalog mat 290.000 Stären, aus den deemools beschten Datequellen erstallt. Zënter …[Wéini?] gëtt ë. a. och de Röntgenobservatoire Chandra vu Cambridge aus bedriwwen.

Portal Astronomie

 Commons: Smithsonian Astrophysical Observatory – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]