Gliese-Katalog

Vu Wikipedia

Gliese-Katalog[änneren | Quelltext änneren]

Gliese (Gl) a Gliese-Jahreiß (GJ)[änneren | Quelltext änneren]

De Katalog vum Wilhelm Gliese (Gl), spéider mat dem Hartmut Jahreiß (GJ), huet d'Zil, all Stäre bannenzeg vu 25 Parsec ëm d'Äerd z'erfaassen. Hie gouf e puermol vergréissert:

  • Catalogue of Nearby Stars (Katalog mat noe Stäre, 1969, Gliese): déi zweet Editioun mat Nummere vun 1.0 bis 965.0. Fir den Ënnerscheed tëscht de Stäre vun der éischter Editioun ze maache goufen hei Dezimalpunkte bäigesat. De Katalog selwer gëtt och als CNS2 bezeechent, awer net an Zesummenhang mat de Katalognummeren.
  • Extension of the Gliese catalogue (Erweiderung vum Gliese-Katalog, 1970, Woolley, Epps, Penston und Pocock): Nummern 9001 bis 9850.
  • Nearby Star Data Published 1969-1978 (Date vun noe Stären,publizéiert 1969–1978, 1979, W. Gliese and H. Jahreiß): Mat den Nummeren 1000 bis 1294 sinn no Stäre bezeechent, mat 2001 bis 2159 Stären,vun deenen een et unhëllt, datt se méi no sinn.
  • Preliminary Version of the Third Catalogue of Nearby Stars (Virleefeg Versioun vum drëtte Katalog mat noe Stären, 1991, Gliese a Jahreiß): Nummeren 3001 bis 4388.

Obwuel déi leschtgenannte Versioun vum Katalog als "virleefeg" bezeechent gëtt, gëtt si ëmmer nach gebraucht (September 2001) an heescht och CNS3. Dëse Katalog huet 3803 Stären,vun deenen déi meescht schonn GJ-Nummeren haten, awer och 1388 neier. E Beispill fir ee schonn allgemeng bekannte Stär aus dëser "inoffizieller" Publikatioun ass GJ 3021, dee vun engem Planéit (Exoplanéit) ëmkreest gëtt.