Passageninstrument

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Passageninstrument (Kuffner-Observatoire)

E Passageninstrument (oder: Transitinstrument) ass e Miessinstrument vun der Astrogeodesie an Astrometrie, dat mat senger horizontaler Achs Vertikalkreesser definéiert. Et déngt dozou, an engem vertikale Fuedemnetz d'Zäitpunkte vu Stärenduerchgäng z'observéieren an ass wéinst senger, par Rapport zum Meridiankrees, méi kompakter Bauweis net gutt ze transportéieren.
Am Géigesaz zum Meridiankrees déngt et net fir d'Miessung vu Stäreplazen, mä fir astronomesch Längen- an Zäitbestëmmung souwéi deelweis fir d'Azimutmiessung.

De Prinzip vum Instrument gouf 1689 vum Dän Ole Rømer (Olaf Roemer) erfonnt an ass fir d'Zäitbestëmmung duerch Observatioun vu Meridianduerchgäng vu Stären agesat ginn. Dozou hat de Roemer een ëm eng fest, genee horizontal Ost-West-Achs (Kippachs) dréibaren Teleskop montéiert an hat d'Stärenduerchgäng mat de Schléi vun enger Prezisiounspendelauer registréiert. Zanter Enn vum 19. Joerhonnert huet sech d'Bauweis als gebrachent Teleskop duerchgesat.

Funktiounsweis[änneren | Quelltext änneren]

All astronomesch Objeten duerchlafen den Himmelsmeridian horizontal. Mat engem nom Meridian ausgeriichteten Teleskop an engem registréierende Chronometer kann een d'Rektaszensioun vun engem Himmelskierper genee bestëmmen. Aus senger visueller Héicht beim Duerchgank ass och d'Deklinatioun bestëmmbar, wann d'Polhéicht (astronomesch Breet) bekannt an e Vertikalkrees do ass.

D'Stärenduerchgäng gi mat engem parallelle Fuedemnetz gemooss (fréier waren et tatsächlech Spannefiedem vu spezielle Spannenaarten) oder, fir Prezisiounsverbesserung, mat engem optesche Mikrometer an elektresche Kontakter ("onperséinleche Mikrometer", kuckt och: Universalinstrument). D'Zäitregistréierung gouf bis ongeféier 1980 mat Band- oder Drockchronograf gemaach, duerno mat digitalen Aueren.

Déi gemoossen Zäite respektiv Wénkele musse wéi bei jiddwer Prezisiounsmiessung, fir den Afloss vu klenge Achsschréiegte reduzéiert ginn, wat mat 2–3 Libellen an der "Mayer-Formel" (no Tobias Mayer) gemaach gëtt.

D'Miessgenauegkeet läit bei zirka 0,1, awer bei en etleche Stärepassagen entspriechend méi héich. Schonn dat éischt, vum Ole Römer ëm 1700 konstruéiert Instrument hat zirka 1″ erreecht. D'Zäitmiessung ass visuell op ongeféier 0,02 Sekunden genee a mat Mikrometer nach besser. A béide Fäll muss een awer d'"Perséinlech Equatioun" (Reaktiounszäit) beuechten. Si ass duerchschnëttlech eng Zéngtelsekonn (jee no Observateur 0,05–0,2 s), ass awer op wéineg Honnertstelsekonne konstant.[1] Fir d'Feststelle vun eventuelle klenge Verännerunge vun der Reaktiounszäit gouf de "kënschtleche Stär" entwéckelt.

Uwendungen[änneren | Quelltext änneren]

D'Passageninstrument ass eng kleng Form vum Meridiankrees, mat deem een d'Duerchgankszäite vun de Stäre duerch de Meridian moosse, a mat Zousazinstrumenter och d'Zenitdistanz kann. Et gouf an éischter Linn fir folgend Aktzivitéite benotzt:

  1. Bestëmme vu Stäreplazen – kuckt Stärekatalogen FK3, FK4 a Fundamentalsystem,
  2. vun Zäit- a Längtebestëmmung – kuckt Atomzäit, UTC,
  3. fir d'Iwwerwaache vun der Äerdrotatioun – kuckt Polbewegung, a (méi rar)
  4. fir Miesse vun astro-geodeteschen Azimuten. An deem Fall gëtt d'Instrument net am Meridian, mä am Senkel vum Vermiessungspunkt benotzt (Method vum Niethammer).

Fir e Stativ ass d'Instrument ze schwéier, obwuel et gréissteméisseg e Prezisiouns-Theodolit net wäit iwwertrëfft. Dofir brauch et e Miesspeiler, wéi s'op Fundamentalpunkten oder fir d'Ofstieche vu laangen Tunnelle gebaut ginn.

Wéinst hirer kompakter Bauweis goufe Passageninstrumenter net nëmmen op astronomesch Observatoiren, mä bis ongeféier 1980 vereenzelt och op Feldstatiounen agesat. Munnech Instrumenter haten eng eppes aner Ausféierung vum Héichtekrees respektiv Libell a konnten zum Deel och baussenzeg vum Meridian benotzt ginn (fir Azimut- a Zenitdistanz-Miessungen).

E bekannten Hiersteller vun den Instrumenter war d'Firma Askania zu Berlin a bis zirka 1920 weider Firme wéi Starke & Kammerer (Wien), Johann Georg Repsold (Hamburg) oder englesch Fabrikanten.

Och Radioteleskope ginn heiansdo als Duerchganksinstrument opgebaut, well si dann an nëmmen enger Achs beweeglech gebaut musse ginn. Radioquelle kënnen dann allerdéngs nëmmen eemol am Dag observéiert ginn. E Beispill dofir ass deen an engem Dall fest agebaute Arecibo-Observatoire op Puerto Rico.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. D'Reaktiounszäit ass hei vill méi kleng wéi beispillsweis am Stroosseverkéier (0,5–1 s), well de Stär net iwwerraschend, mä gutt berechenbar hanner de Moossfiedem duerchgeet.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Passageninstrumenter – Biller, Videoen oder Audiodateien