Stroosseverkéier

Vu Wikipedia

De Stroosseverkéier ass den Transport op Stroosse vu Persounen oder Gidder.

Zur Infrastruktur vun dësem Verkéierssystem gehéieren nieft dem Stroossennetz och nach Vëlospisten, Trottoiren, Tankstatiounen a Parkplazen.

D'Verkéiersmëttel déi zur Auswiel sti sinn entweeder net motoriséiert (Vëlo, Päerdskutsch, Rullstull, …) oder se si motoriséiert, woubäi een do nach tëscht Individualverkéier (Auto, Liwwerwon, Camion, …) an ëffentlechem Transport (Bus, Trolleybus, Sammeltaxi, …) ënnerscheet. Mä och ouni Verkéiersmëttel kann een als Foussgänger um Stroosseverkéier deelhuelen.

Zu Lëtzebuerg sinn d'Acteure vum Stroosseverkéier op staatlecher Säit ë. a. d'Administratioun vun de Ponts et Chaussées, d'Police, an d'Kontrollstatioun.

Verkéiersreegelen zu Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Code de la Route (Lëtzebuerg).

Verkéierssécherheet[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Road transport – Biller, Videoen oder Audiodateien