Zirkummeridian

Vu Wikipedia

D'Zirkummeridian-Method vun der Astronomie a vun der Astrometrie ass eng Method fir d'Bestëmme vun der lokaler Stärenzäit resp. vun der geographescher Längt. Als Nieweprodukt kritt een och déi genee Nord-Süd-Richtung. Et observéiert een dofir e Stär an der selwechter Héicht virun an no sengem Héchststand, also am Südsüdosten an am Südsüdwesten.

Duerch déi béid Zäit- a Wénkelmiessunge kritt een den Ament vum Meridianduerchgank an d'Richtung vum Meridian (Süden). Duerch Vergläiche vun der Duerchgankszäit mat engem Zäitzeechen ass eng geographesch Längtebestëmmung méiglech.

Virgangsweis[änneren | Quelltext änneren]

D'Miessung ka mat engem astronomeschen Universalinstrument, engem Theodolit oder (bei manner Genauegkeetsuspréch) mat engem Sextant gemaach ginn. Et waart ee bis de Stär den Horizontalfuedem vum Instrument kräizt, a stoppt an dësem Moment d'Auerzäit. Wann een nieft der Zäitbestëmmung zousätzlech déi genee Südrichtung bestëmme wëll, ass och de jeeweilegen Horizontalwénkel ofzeliesen.

D'Stärenhéicht muss zwar op béide Säite vum Meridian déi selwecht sinn (z. B. andeems d'Teleskop geklemmt bleift), awer hire geneeë Wäert ass net erfuerdert. Gëtt dogéint den Héichtewénkel resp. d'Zenitdistanz op engem geneeën Deelkres ofgelies, ka bei Kenntnes vun der Deklinatioun vum Stär och eng Breedebestëmmung gemaach ginn.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie