Nordpol

Vu Wikipedia
1- geographeschen Nordpol, 2- magnéitesche Pol, 3- geomagnéitesche Pol 4- Pol vun der Inaccessibilitéit
D'Polarregioun aus der Richtung vun der Äerdachs (d'Mieräis ass mat der Bildveraarbechtung ewechgeholl ginn)

Den Nordpol ass ee vun zwéi geographesche Polen an am allgemenge Sproochgebrauch den nërdlechste Punkt vun der Äerd. En entsprécht dem nërdlechen Dréipunkt vun der Äerdachs a gëtt och als geographeschen Nordpol bezeechent. Donieft gëtt et och den arktesche Magnéitpol an den arktesche geomagnéitesche Pol.

Geographesch Lag[änneren | Quelltext änneren]

Am Moment leien déi dräi verschidde Pole vun der Nordhallefkugel am Arkteschen Ozean (Nordpolarmier) oder op sengen Inselen. Duerch d'Verréckele vum Äerdmagnéitfeld ännert sech och d'Lag vum arktesche Magnéitpol a vum arktesche geomagnéitesch Pol.

Déi dräi Pole vun der nërdlecher Hemisphär[änneren | Quelltext änneren]

Geographeschen Nordpol[änneren | Quelltext änneren]

De geographeschen Nordpol ass den nërdlechste Punkt vun der Äerd an no der Definitioun vum geographesche Pol de Schnëttpunkt vun der Äerdachs mat der nërdlecher Äerduewerfläch. De geographeschen Nordpol ass den Antipod vum geographesche Südpol an huet eng fest Positioun bei der geographesch Breet vun 90° 0′ N (Koordinaten: 90° 0’ 0’’ N 0° 0’ 0’’ E). Sou riicht sech de Bléck vun do aus an der Horizontalen nëmmen an eng Himmelsrichtung: no Süden. Den Nordpol huet keng eendeiteg geographesch Längt. Dat gëllt awer just fir de Punkt an net fir d'Bléckrichtung, déi eendeiteg ass. De geographeschen Nordpol läit op der Nordamerikanescher Plack, awer net um Festland, mä op enger 2 bis 3 m. décker Äisplack déi schwëmmt. Dorënner läit den Arkteschen Ozean, deen op dëser Plaz 4.087 m déif ass.

No beim Zenit steet de Polarstär op enger Distanz vun nëmmen 42'(2008) iwwer dem geographeschen Nordpol an d'Sonn geet hei vum 21. Mäerz den 23. September net ënner (Polardag). Duerno kënnt a luese Sonnenënnergang, eng Schummerecht vun e puer Wochen, d'Polarnuecht iwwer e puer Méint an dann e luese Sonnenopgang.

Well sech d'Lag vun der Äerdachs laangfristeg verlagert, ass de geographeschen Nordpol op kee Fall fest op enger Plaz lokaliséiert. Et besteet en enken Zesummenhang tëscht der laangfristeger Verlagerung vum geographeschen Nordpol an der Massenëmverdeelung am Kader vun der globaler Erwiermung. Gravitatiounsmiessunge mat Satellitte weisen, datt ongeféier 90 % vun der Ännerung op dat méi séiert Schmëlze vun der Äiscouche an de Gletscher zeréckzeféieren ass. Den Effekt ass awer – mat nëmmen ongeféier 3 Millimeter pro Joer – vill méi kleng wéi d'Verréckele vum Magnéitpol, déi hei drënner beschriwwen ass.

Arktesche Magnéitpol[änneren | Quelltext änneren]

Wanderung vum arktesche Magnéitpol

Den arktesche Magnéitpol ass dee Punkt vun der nërdlecher Hemisphär, wou d'magnéitesch Feldlinne vum Äerdmagnéitfeld vertikal zur Uewerfläch vun der Äerd op d'Äerd treffen. Et handelt sech am physikalesche Sënn ëm e magnéitesche Südpol.

Déi üblech Kompassen, deenen hir Nol nëmmen ëm déi vertikal Achs dréibar ass, kënne sech bannent engem Radius vun zirka 2.000 km ronderëm de Magnéitpol net méi no Norden ausriichten, well do déi horizontal Komponent vum Äerdmagnéitfeld fir d'Uweisen ze schwaach ass. E Kompass dee fir sou Miessunge speziell entwéckelt gouf, weist um arktesche Magnéitpol opgrond vun de Gesetzer vum Magnetismus mat senger Nord-Markéierung vertikal no ënnen.

Den James Clark Ross war den éischten deen den 1. Juni 1831 um arktesche Magnéitpol an der Géigend vum Kap Adelaide, op der kanadescher Hallefinsel Boothia, war. Sengerzäit goufen d'Koordinatioun 70° 05’ ’’ N 96° 28’ ’’ W ermëttelt.

Joer Geographesch Koordinaten
1996 78° 35’ 42’’ N 104° 11’ 54’’ W
2001 81° 18’ 0’’ N 110° 48’ 0’’ W
2002 81° 36’ 0’’ N 111° 36’ 0’’ W
2003 82° 0’ 0’’ N 112° 24’ 0’’ W
2004 82° 18’ 0’’ N 113° 24’ 0’’ W
2005 82° 42’ 0’’ N 114° 24’ 0’’ W
2007 83° 57’ 0’’ N 120° 43’ 12’’ W

Den arktesche Magnéitpol ass deemno net uertsfest, mä e verännert sech stänneg no engem Muster, dat graff virausgesot ka ginn. Aktuell wandert e pro Joer ëm ongeféier 40 Kilometer a Richtung Nordwesten.

Am Laf vun der Äerdgeschicht huet sech d'Magnéitfeld vun der Äerd e puermol ëmgepoolt. Dës Polspréng konnten duerch d'Ausriichtung vun Eisenoflagerungen a Sedimenter a verschiddenen Déiften nogewise ginn. Eng Rei Wëssenschaftler gesinn an der uewe beschriwwener séierer järlecher Verlagerung eng Indikatioun fir eng laangfristeg Ëmpolung vun der Äerd.

Arktesche geomagnéitesche Pol[änneren | Quelltext änneren]

Den arktesche geomagnéitesche Pol op der nërdlecher Hemisphär ass en theoretesche Pol vum onreegelméissegen Äerdmagnéitfeld an entsprécht der Suppositioun, datt am Äerdmëttelpunkt e Stafmagnéit dran ass. Am Joer 2010 louch den arktesche geomagnéitesche Pol op ongeféier 00° 01’ ’’ N 72° 13’ ’’ W op der Darling-Hallefinsel, déi zu de kanadeschen Ellesmere-Insele gehéiert.

Joer Geographesch Koordinaten
2008 84° 21’ 36’’ N 126° 06’ 0’’ W
2009 84° 42’ 36’’ N 129° 15’ 0’’ W
2010 88° 0’ 36’’ N 132° 39’ 36’’ W
2011 85° 17’ 24’’ N 136° 20’ 24’’ W
2012 85° 31’ 48’’ N 140° 17’ 24’’ W
2013 85° 45’ 0’’ N 144° 27’ 36’’ W

Exploratioun (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

E Fuerschungscamp um arktesche Pakäis um geographeschen Nordpol. Zwéi Fligeren vun der Canadian Coast Guard fléien op engem Exploratiounsfluch driwwer.

Fir d'éischt ass de geographeschen Nordpol de 6. April 1909 – no eegenen Informatiounen – vun den US-amerikanesche Fuerscher Robert Edwin Peary a Matthew Henson an den Inughuit Iggiánguaĸ, Sigdluk an Uvkujâĸ ënnert der Leedung vum Iggiánguaĸ sengem Bruder Ôdâĸ erreecht ginn. Et ass awer net als wëssenschaftlech geséchert, datt de Grupp de Pol och tatsächlech erreecht hat. Dem Peary seng Grönlännesch Begleeder hunn den Nordpol qimmersoriartorfissuaq genannt, „déi Plaz wou ee gezwongen ass Seng Hënn z'iessen“.

Den US-amerikanesche Polarfuerscher Frederick Cook huet behaapt, schonn den 21. Abrëll 1908, also ee Joer virum Peary um Nordpol gewiescht ze sinn. Verschidden Ongereimtheete loossen awer drop schléissen, datt hien ni beim Nordpol war.

Den 23. Abrëll 1948 ass déi sowjetesch Fuerschungsexpeditioun Nord-2 ënner dem Alexander Kuznetsov bis op den Nordpol geflunn an ass dunn zu Fouss op de geographeschen Nordpol gaangen. Domat goufen si déi éischt Leit, déi noweislech den Nordpol betrueden hunn.

Den éischte Mënsch deen noweislech iwwer d'Äis op de Pol koum, war den US-Amerikaner Ralph Plaisted (1927-2008), deen 1968 eng véierkäppeg Expeditioun op Schnéimobillen zum nërdlechste Punkt vun der Äerd gefouert huet[1]. E Joer méi spéit ass de Britt Sir Walter William Herbert mat Hondsschlitten do ukomm.

Politesche Status[änneren | Quelltext änneren]

Russland, Dänemark, Kanada an Norwegen erhiewen territorial Uspréch op den Nordpol.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Nordpol – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Guy Lawson: An Insurance Salesman and a Doctor Walk Into a Bar, and End Up at the North Pole. In: The New York Times Magazine. Do._Mrz.2016u331 JJJJ, abgerufen So._Mrz.2016u331 JJJJ (englesch).