Kanaresch Inselen
Kanaresch Inselen | ||||
| ||||
Land | ![]() | |||
Haaptstad | Las Palmas de Gran Canaria a Santa Cruz de Tenerife | |||
Offiziell Sprooch(en) | Spuenesch | |||
---|---|---|---|---|
Fläch | 7.447 km² | |||
Awunner | 2.025.951 2007) | |||
Bevëlkerungsdicht | 272 Aw. / km² | |||
Autonome Statut | 10. August 1982 | |||
Offizielle Feierdag | 30. Mee | |||
President | Ángel Víctor Torres (PSOE) | |||
Lag vun de Kanaren | ||||
D'Kanaresch Inselen op der Kaart | ||||
Autonom Gemeinschafte vu Spuenien |
D'Kanaresch Inselen (sp: Islas Canarias) oder d'Kanaren sinn eng Inselgrupp déi zu Spuenie gehéieren.
Geographie[änneren | Quelltext änneren]
D'Kanaresch Inselen gehéiere geographesch zu Afrika a leien am Atlantik an der Regioun Makronesien. Zu hinne gehéiere siwen Haaptinselen: Lanzarote, Fuerteventura, Gran Canaria, Teneriffa, La Gomera, La Palma an El Hierro, sechs méi kleng Inselen: Alegranza, Graciosa, Montaña Clara, Los Lobos, Roque del Este a Roque del Oeste an divers kleng onbewunnten Inselen.
D'Kanaresch Inselen hunn eng Fläch vu 7.447 km² dat sinn 1,5 % vun der Fläch vu Spuenien.
Andeelungen[änneren | Quelltext änneren]
D'Kanare sinn an zwou Provënzen agedeelt.
- Provënz Santa Cruz de Tenerife mat der Haaptstad Santa Cruz de Tenerife
- Provënz Las Palmas mat der Haaptstad Las Palmas de Gran Canaria
Geologie[änneren | Quelltext änneren]
All dës Inselen hunn eng vulkanesch Originn. Virun ongeféier 36 Millioune Joren hunn déi éischt Ausbréch ënner dem Mier ugefaangen eruptiivt Material ofzelageren.
Geschicht[änneren | Quelltext änneren]
D'Kanaresch Inselen sinn zanter dem 16. August 1982 eng autonom Gemeinschaft.
Politik[änneren | Quelltext änneren]
De President ass de Ángel Víctor Torres (PSOE).
D'Parlementaresch Vertriedung am spuenesche Kongress huet véierzéng Sëtz an am Senat huet se der zwéin.
Demographie[änneren | Quelltext änneren]
2007 gouf et 2.025.951 Awunner op de Kanaren, dat si 4,48 % vun der spuenescher Populatioun.
Déi gréisst Stied[änneren | Quelltext änneren]
Déi wichtegst Stied op de Kanareschen Insele sinn:[1]:
- Las Palmas de Gran Canaria (Gran Canaria) 378.628
- Santa Cruz de Tenerife (Teneriffa) 221.567
- San Cristóbal de La Laguna (Teneriffa) 141.627
- Telde (Gran Canaria) 96.547
- Arona (Teneriffa) 65.550
- Santa Lucía de Tirajana (Gran Canaria) 56.268
- Arrecife (Lanzarote) 53.920
- San Bartolomé de Tirajana (Gran Canaria) 46.428
- La Orotava (Teneriffa) 40.355
- Puerto del Rosario (Fuerteventura) 30.363
- Los Llanos de Aridane (La Palma) 19.878
- Santa Cruz de La Palma (La Palma) 17.788
Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]
Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]
Commons: Canary Islands – Biller, Videoen oder Audiodateien |