Balearesch Inselen
| Balearesch Inselen | ||||
|
| ||||
| Land | ||||
| Haaptstad | Palma de Mallorca | |||
| Offiziell Sprooch(en) | Spuenesch a Katalounesch | |||
|---|---|---|---|---|
| Fläch | 4.992 km² | |||
| Awunner | 1.124.744 2015) | |||
| Bevëlkerungsdicht | 222,97 Aw. / km² | |||
| Autonome Statut | 1. Mäerz 2007 | |||
| Offizielle Feierdag | 1. Mäerz | |||
| President | Francina Armengol (PSIB-PSOE) | |||
![]() Lag vun de Balearen a Spuenien | ||||
| Autonom Gemeinschafte vu Spuenien | ||||
D'Balearesch Inselen (sp: Islas Baleares, cat.: Illes Balears), oder d'Balearen, sinn eng Inselgrupp, déi zu Spuenie gehéiert.
Geographie
[änneren | Quelltext änneren]D'Balearesch Insele leien am westleche Mëttelmier. Et sinn der 151, dovu sinn der 4 bewunnt. D'Balearen hunn eng Fläch vu 4.992 km² wat 1,0 % vun der Fläch vu Spuenien ass. D'Haaptstad ass Palma de Mallorca.
Andeelungen
[änneren | Quelltext änneren]Déi véier gréisst a bewunnt Insele vun de Baleare sinn: Mallorca, Menorca, Ibiza a Formentera.
| Numm | Haaptstad | Provënz | Haaptstad |
|---|---|---|---|
| Balearesch Inselen | Palma de Mallorca | Balearesch Inselen | Palma de Mallorca |
| Mallorca | |||
| Menorca | |||
| Ibiza | |||
| Formentera |
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]D'Balearesch Insele sinn zanter dem 1. Mäerz 1983 eng autonom Gemeinschaft.
Politik
[änneren | Quelltext änneren]Zanter 2015 ass d'Francina Armengol (Partido Socialista de las Islas Baleares) Presidentin vun de Baleareschen Inselen.
D'parlamentaresch Vertriedung vun de Balearen huet am spuenesche Kongress 8 Sëtz, an am Senat der 7.
Demographie
[änneren | Quelltext änneren]2015 gouf et 1.124.744 Awunner op de Balearen, dat sinn 2,3 % vun der spuenescher Populatioun.
Sport
[änneren | Quelltext änneren]Zanter 1992 gëtt all Joer de Challenge de Mallorca als Optakt vun der Europäescher Vëlossaison do gefuer.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Balearesch Inselen – Biller, Videoen oder Audiodateien |
