Provënz Soria

Vu Wikipedia


Soria
Wopen Fändel
Basisdaten
Land Spuenien
Autonom
Gemeinschaft :
Kastilien-León
Haaptstad : Soria
Fläch : 10.303 km²
Awunner : 93.593 Aw.  (2007 INE)
Lag
Lag vun der Provënz Soria

Lag vun der Provënz Soria
Lag vun der Provënz Soria
Autonom Gemeinschaften - Provënzen

Soria ass eng Provënz an der spuenescher Regioun Kastilien-León. D'Haaptstad ass Soria.

Soria läit an Zentralspuenien a grenzt am Norden un d'Regioun La Rioja, am Osten un d'Provënz Saragossa, am Süden un d'Provënz Guadalajara, am Südwesten un d'Provënz Segovia an am Nordwesten un d'Provënz Burgos.

D'Fläch vu Soria ass 10.287 km² an ass an 2 Comarcas (La Tierra de Ágreda a La Meseta Soriana) an an 183 Gemengen agedeelt.

Soria ass déi Provënz déi déi mannst Awunner a ganz Spuenien huet. 2002 gouf et 91.487 Awunner an der Provënz, dovu liewen der 40 % an der Haaptstad Soria. Vun deenen 183 Gemengen gëtt et Dierfer wou manner wéi 100 Leit wunnen a just 12 Dierfer hu méi wéi 1.000 Awunner.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]


Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Soria – Biller, Videoen oder Audiodateien