Provënz Pontevedra
Ausgesinn
| ||||
|---|---|---|---|---|
| Basisdaten | ||||
| Land | ||||
| Autonom Gemeinschaft : |
Galicien | |||
| Haaptstad : | Pontevedra | |||
| Fläch : | 4.495 km² | |||
| Awunner : | 947.639 Aw. (INE 2007) | |||
| Lag | ||||
![]() Lag vun der Provënz Pontevedra | ||||
| Autonom Gemeinschaften - Provënzen | ||||
Pontevedra ass eng vu véier Provënzen an der spuenescher autonomer Gemeinschaft Galicien. D'Haaptstad ass Pontevedra.
D'Provënz Pontevedra läit am Nordweste vu Spuenien a grenzt am Norden un d'Provënz A Coruña, am Osten un d'Provënzen Lugo an Ourense, am Süden u Portugal an am Westen un den Atlantik.
Pontevedra ass an 62 Gemengen an an 10 Comarcas agedeelt. D'Comarcas sinn:
- Comarca do Baixo Miño
- Comarca de Caldas
- Comarca do Condado
- Comarca do Deza
- Comarca do Morrazo
- Comarca da Paradanta
- Comarca de Pontevedra
- Comarca do Salnés
- Comarca de Tabeirós-Terra de Montes
- Comarca de Vigo
Gréisser Stied, nieft der Haaptstad, si Vigo, Vilagarcía de Arousa a Redondela. Vigo, ass mat iwwer 294.000 Awunner déi meescht bevëlkerte Stad vun der Provënz an souguer vu ganz Galicien.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Province of Pontevedra – Biller, Videoen oder Audiodateien |
