Provënz Salamanca

Vu Wikipedia


Salamanca
Wopen Fändel
Basisdaten
Land Spuenien
Autonom
Gemeinschaft :
Kastilien-León
Haaptstad : Salamanca
Fläch : 12.349 km²
Awunner : 354.236 Aw.  (2009 INE)
Lag
Lag vun der Provënz Salamanca

Lag vun der Provënz Salamanca
Lag vun der Provënz Salamanca
Autonom Gemeinschaften - Provënzen

Salamanca ass eng vun 9 Provënzen an der spuenescher Regioun Kastilien-León (sp. Castilla y León). D'Haaptstad ass Salamanca.

Am Norde grenzt Salamanca un d'Provënz Zamora, am Nordosten un d'Provënz Valladolid, am Süden un d'Provënz Cáceres, am Osten un d'Provënz Ávila an am Westen u Portugal.

Salamanca huet 354.236 Awunner (2009) op enger Fläch vun 12.349 km² a läit 830 m iwwer dem Mieresspigel. 45 % vun der Bevëlkerung liewen an der Haaptstad Salamanca. D'Provënz ass an 362 Gemengen agedeelt, dovun hu méi wéi d'Hallschent vun den Dierfer manner wéi 300 Awunner.

Gréisser Stied sinn d'Haaptstad Salamanca, Béjar, Ciudad Rodrigo, Santa Marta de Tormes a Peñaranda de Bracamonte.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Provënz Salamanca – Biller, Videoen oder Audiodateien