Provënz Barcelona
| ||||
---|---|---|---|---|
Basisdaten | ||||
Land | Spuenien | |||
Autonom Gemeinschaft : |
Katalonien | |||
Haaptstad : | Barcelona | |||
Fläch : | 7.733 km² | |||
Awunner : | 5.332.513 Aw. (2007 INE) | |||
Lag | ||||
Lag vun der Provënz Barcelona | ||||
Autonom Gemeinschaften - Provënzen |
Barcelona ass eng vu véier Provënzen an der spuenescher Regioun Katalounien. D'Haaptstad ass Barcelona.
Barcelona grenzt un d'Provënzen Tarragona, Lérida a Gerona an un d'Mëttelmier.
2007 gëtt et 5.332.513 Awunner an der Provënz op enger Fläch vu 7.719 km², dovun een Drëttel an der Haaptstad Barcelona. Domat ass Barcelona déi zweetmeescht bevëlkerte Stad a Spuenien.
Barcelona ass an 11 Géigenden (Comarcas) agedeelt: Alt Penedès, Anoia, Bages, Baix Llobregat, Barcelonès, Berguedà, Garraf, Maresme, Osona, Vallès Occidental a Vallès Oriental.
Déi gréisst Uertschaften nieft der Haaptstad Barcelona sinn: Hospitalet de Llobregat, Badalona, Terrassa, Sabadell, Mataró, Santa Coloma de Gramenet, Cornellà de Llobregat, Sant Boi de Llobregat, Sant Cugat del Vallès, Manresa a Rubí déi all iwwer 70.000 Awunner hunn.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Province of Barcelona – Biller, Videoen oder Audiodateien |