Op den Inhalt sprangen

Provënz Huesca

Vu Wikipedia


Huesca
Wopen Fändel
Basisdaten
Land Spuenien
Autonom
Gemeinschaft :
Aragonien
Haaptstad : Huesca
Fläch : 15.626 km²
Awunner : 228.566 Aw.  (2010 INE)
Lag
Lag vun der Provënz Huesca

Lag vun der Provënz Huesca
Lag vun der Provënz Huesca
Autonom Gemeinschaften - Provënzen


Huesca ass eng vun dräi Provënzen an der spuenescher Regioun Aragonien. D'Haaptstad ass Huesca.

Huesca grenzt un d'Provënzen Lérida, Saragossa, Navarra an u Frankräich.

D'Provënz ass mat enger Fläch vu 15.626 km² déi sechstgréisst Provënz a Spuenien. Si huet am Joer 2010 228.566 Awunner. Ongeféier ee Véirel dovu lieft an der Haaptstad.

Monzón ass nieft der Haaptstad Huesca déi gréisst Stad mat 16.200 Awunner (2007). Aner gréisser Stied sinn nach Barbastro, Fraga a Jaca mat iwwer 10.00 Awunner.

Huesca ass an 202 Gemengen agedeelt an an 10 Comarcas.

Numm Haaptstad
Alto Gállego Sabiñánigo
Bajo Cinca Fraga
Cinca Medio Monzón
Hoya de Huesca Huesca
Jacetania Jaca
La Litera Tamarite de Litera
Monegros Sariñena
Ribagorza Graus
Sobrarbe Aínsa a Boltaña
Somontano de Barbastro Barbastro

Kuckeswäertes

[änneren | Quelltext änneren]
D'"Mallos-Fielsformatioun" zu Riglos an der Provënz Huesca


Commons: Province of Huesca – Biller, Videoen oder Audiodateien