Op den Inhalt sprangen

Aragonien

Vu Wikipedia
Aragonien

{{{fändel_artikel}}}

{{{wopen_artikel}}}
  Land Spuenien
  Haaptstad Saragossa
  Offiziell Sprooch(en)  Spuenesch
  Fläch  47.719 km²
  Awunner  1.296.655  INE 2007)
  Bevëlkerungsdicht  26,77 Aw. / km²
  Autonome Statut  18. Abrëll 2007
  Offizielle Feierdag  23. Abrëll
  President  Luisa Fernanda Rudi  (PP)
Lag vun Aragonien a Spuenien

Lag vun Aragonien a Spuenien
Lag vun Aragonien a Spuenien
Autonom Gemeinschafte vu Spuenien


Aragonien (sp. an arag.: Aragón, kat.: Aragó) ass eng Regioun an autonom Gemeinschaft a Spuenien.

Aragonien läit am Nordoste vu Spuenien a grenzt am Norde mat de Pyrenäen u Frankräich, am Osten u Katalounien, am Südwesten u Valencia an am Westen u Kastilien-León, Kastilien-La Mancha an u La Rioja. Se huet eng Fläch vu 47.719 km², dat sinn 9,4 % vun der Fläch vu Spuenien.

D'Haaptstad ass Saragossa.

Aragonien ass an 3 Provënzen an an 33 Comarcaen (Distrikter) agedeelt.

Numm Haaptstad Provënz Haaptstad
Aragonien Saragossa Saragossa Saragossa
Huesca Huesca
Teruel Teruel

Aragonien ass zanter dem 16. August 1982 eng autonom Gemeinschaft.

D'"Mallos-Fielsformatioun" zu Riglos an der Provënz Huesca

D'Presidentin vun Aragonien ass d'Luisa Fernanda Rudi (PP). D'Parlamentaresch Vertriedung vun Aragonien huet am spuenesche Kongress 13 Sëtz an am Senat 14.

Am Joer 2007 ass d'Awunnerzuel 1.296.655, dat si 2,86 % vun der spuenescher Populatioun.

Commons: Aragonien – Biller, Videoen oder Audiodateien